lb fr pt en
Sech an der Kierch engagéieren . S’engager dans l’Église  
8. November 2017

Zanter 50 Joer als Koschtesch am Déngscht vun der Kierch

D’Madame Marie-Thérèse Winandy-Schmit krut d’Verdéngschtmedaille vum Här Äerzbëschof iwwerreecht

Feierstonn um Mëttwoch Moien am Bëschofshaus: Den Här Äerzbëschof huet der Madame Marie-Thérèse Winandy-Schmit vu Laaschent d’Verdéngschtmedaille vun der kathoulescher Kierch iwwerreecht. Zanter 50 Joer ass si Koschtesch an der Kierch, dovun elo scho 40 Joer zu Laaschent. A sengem perséinleche Numm an am Numm vun der Äerzdiözes huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich der Mme Winandy-Schmit villmools merci fir hir trei a wäertvoll Déngschter an hire bénévolen Engagement an der Kierch an an der Por gesot; d’Consolatrix-Medaille ass en Ausdrock vun dëser Dankbarkeet.

D’Mme Winandy-Schmit gouf bei der Feier begleet vun hirer Duechter, vun der Mme Sylvie Maillet vum Kiercherot, vum Buergermeeschter Aly Kaes, vun der Mme Nicole Kleer a vum Abbé Jeannot Gillen.

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html