lb | fr | pt | en |
Bibelen am Prisong
Neie Projet vun der Fondatioun Sainte-Irmine
D’kathoulesch Aumonerie vun de Prisongen zu Lëtzebuerg sicht Fonge fir de Kaf vu Bibelen a Kalennere fir Leit, déi zu Lëtzebuerg am Prisong sinn, souwuel fir déi an Untersuchungshaft wéi fir déi Veruerteelt. D’Bibele kaschte ronn 25 €, TVA abegraff, fir Sproochen, déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn, oder méi fir hei manner geleefeg Sproochen.
Wëll d’Direktioune vun den zwee Prisongen dës Käschten net méi iwwerhuelen, muss d’Aumonerie eng alternativ Finanzéierung fannen, fir de Prisonéier dës reliéis Objeten och an Zukunft kënnen unzebidden an appelléiert un d’Generositéit vun den Donatricen an Donateure vun der Fondatioun Sainte-Irmine. D’Bibel an der eegener Sprooch liesen ze kënnen, ass wichteg fir déi Prisonéier, déi op der Sich no Glawen a Spiritualitéit sinn. Et ass e wichtegt „Hëllefsmëttel“ fir déi Prisonéier, déi froen, vun der Aumonerie begleet ze ginn.
Méi Informatiounen zu dësem Projet fannt Dir hei: https://irmine.lu/lu/st-irmine-project/bibelen-am-prisong/
Done kënne gemaach ginn iwwer de CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 von der Fondation Sainte-Irmine oder online op www.irmine.lu – Mentioun: Bibelen am Prison.
Merci fir all Ënnerstëtzung!
- Bibelen am Prisong
- Ënnerstëtzt di pastoral Aarbecht vun der ACFL
- Nouveau logo pour le Fonds d’avenir
- Erhéijung vun den Done vu 34 % – D’Fondatioun Sainte-Irmine huet wärend dem Exercice 2022 am ganzen 2.040.832 € gesammelt
- D’Fondatioun an d’Ekipp “Reech eng Hand” soen allen Donateure VILLMOOLS MERCI!