lb fr pt en
 
4. Juli 2024

Verännerung brauch Ënnerbriechung vu Gewinntem

Kommentar zum 14. Sonndeg am Joreskrees vum Gérard Kieffer (7.7.2024)

Am Evangeliumstext vun dësem Sonndeg (Mk 6,1-6) erzielt den Evangelist Markus, dass de Jesus an säin Heemechtsduerf kënnt, an dass hien an der Synagog geléiert huet. D’Leit hunn sech iwwer seng Wäisheet gewonnert an och déi Wierker, déi hie vollbruet huet.

Wéi se dunn awer gemierkt hunn, dass de Jesus keen Onbekannte war, mee de Fils vum Maria, waren se net méi esou begeeschtert, jo, si hunn hien ofgeleent.

De Jesus war du sengersäits zimmlech verwonnert an huet dunn déi allsäits bekannte Feststellung gemaach: « E Prophéit gëtt néierens veruecht, nëmme just a sengem Heemechtsduerf, a senger Famill an a sengem Haus. », an ass dunn an déi Dierfer an der Ëmgéigend gaang fir ze léieren.

Et ass verwonnerlech. Op anere Plazen hunn d’Leit hie bewonnert, well hien Zeeche gesat an de Mënsche gehollef huet. Do missten se dach grad a sengem Heemechtsduerf stolz op hie sinn. Mee grad hei an der Heemecht - an Dir mierkt, den Text schwätzt net vun Nazareth, mee vun der Heemecht - bei der Famill a bei de Fromme sinn se zwar beandrockt vu senger Wäisheet, mee och verwonnert. 

Dat ass awer nach kee Glawen. De Jesus wëll keng Bewonnerer, hie sicht Nofollger, Mënschen, déi him op sengem Wee noginn, hie sicht de Glawen. A Glawe kënnt vum Héieren a net aus Wonner, déi geschéien.

Fir op dëse Wee ze komme freet hien no Bouss, Verännerung a Konsequenzen an dat schéngt net jidderengem ze gefalen. Och dass de Jesus dës Verännerungen an de Wandel net vun der Politik, vun der Wirtschaft, vun de reliéise Leeder oder anere Gruppen erwaart. D’Verännerunge freet hie vum Eenzelnen an dat féiert och zu Ofleenung. Am Text leenen d’Leit net dat of, wat de Jesus seet, mee seng Persoun.

Hien gëtt als dem Maria hire Jong bezeechent. Dat ass fir eis näischt Ongewéinleches, mee et war zu deer Zäit üblech, e Jong sengem Papp zouzeuerdnen. Et ass wéi e Virworf: Du hues kee Papp. Mir kennen dech.

Si hunn de Jesus kannt, wéi hien am Duerf opgewuess ass. Iwwer déi éischt 30 Joer steet ganz wéineg an den Texter. Iergend eng Kéier ass de Jesus vun doheem fortgaang an en ass plëtzlech erëm opgetaucht. E léiert an der Synagog, an et steet net am Text, dass hien dat studéiert huet. Wéi een e virdru kannt huet ass hien net méi. Hien mécht Saachen, déi nei ware fir hien: en huet Mënsche geheelt, Dämonen ausgedriwwen a Virdreeg gehal. En erkläert professionelle Fëscher, wéi ee mat Erfolleg Fësch fänkt a wéi een de Som richteg op d’Feld bréngt. Alles dat ass zimmlech seltsam, e bësse vill fir déi, déi hie vu fréier kannt hunn. Si wëssen elo net méi, wéi se mat him ëmgoe sollen.

De Jesus gëtt vun de Leit aus sengem Heemechtsduerf op seng Famill an op dat reduzéiert, wou en hier kënnt. Säi Beruff war Zammermann, en huet also offensichtlech net zur Bildungselite oder de Geléierte gehéiert. Alles dat huet dunn dozou gefouert, dass hie weidergezunn ass.
Mënschen op hir Vergaangenheet festzeleeën heescht och, Weiderentwécklung a Fortschrëtt ze ignoréieren - bei de Betraffenen awer och bei deenen, déi esou urteelen, wéi déi fréier Nopere vum Jesus.

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html