lb | fr | pt | en |
Et woen op en tatkräftege Gott ze hoffen?
Kommentar zum 17. Sonndeg am Joreskrees vum Martine Regenwetter (28.7.2024)
De leschte Sonnden hu mer beim Markus d’Aleedung zur sougenannter Brotvermehrung gelies, an datt de Jesus mat senge Jünger d’Wüst oder op alle Fall eng ganz ofgeleeë Platz, opgesicht huet, fir zur Rou ze kommen. Beim Johannes kréie mir haut d’Suite vun deem Récit, allerdéngs si mer bei him net an der Wüst, mee op engem Bierg. Souwuel d’Wüst wéi de Bierg sinn an der Bibel bekannt als Platzen déi sech besonnesch gutt eegenen, fir datt Gott sech dem Mënsch matdeelt.
Ab haut liese mer 5 Sonndeger laang d’6. Kapitel vum Johannes. E Kapitel an deem hie méi genau duerstellt, ween dee Jesus ass: deen, dee säi Liewe gëtt fir datt mir liewen an eis Séil keen Honger méi leit. Allerdéngs wäerte mir an engem Mount an der leschter Episode zum 6. Kapitel héieren, datt vill Leit dem Jesus net weider noginn, well si hiert Häerz net fir déi Botschaft konnten opmaachen. De Péitruss awer wäert soen: Bei ween solle mir da goen, Här, du hues dach d’Wieder vum éiwege Liewen (cf. Jh 6,68).
Et kann een sech froen, firwat de Johannes et fir néideg fënnt, eis drop opmierksam ze maachen, datt et op der Platz wou se sinn, vill Gras gëtt. Vläicht erënnert der iech nach drun, datt mer d’läscht Woch de Psalm 23 gelies hunn, an deem et heescht datt Gott deen ass, deen seng Schof op säfteg Wise féiert, wou se sat ginn. A genau dat passéiert am Evangelium vun haut. Allerdéngs gëtt et kee Gras, mee Brout z’iessen. Anescht wéi bei de Synoptiker, gëtt et beim Johannes kee Kontext dee mécht datt een sech misst em d’Iesse këmmeren, et ass net owes spéit an och net esou ofgeleeën, datt d’Leit kéinten ënnerwee heem an den Ënnerzocker geroden.
Et ass einfach d’Initiative vum Jesus, deen de Wonsch huet, den existenziellen Honger vun de Mënschen ze stëllen. De Werdegang kann een un d’Hochzäit vu Kanaa erënneren, wou de Jesus d’Purifikatiounswaasser an Onmasse vu guddem Wäi verwandelt.
Och am Text vun haut, hëlt hien dat, wat d’Mënschen ze bidden hunn: 5 Bréit an 2 Fësch. Lächerlech wéineg par Rapport zu der Zuel u Leit déi solle sat ginn. De Jesus hëlt dat wéinegt wat se hunn a verwandelt et an Iwwerfloss. No senger Aktioun ass net just genuch Brout do, mee et bleiwe ganz vill Reschter. De Jesus ass keen Ierbessenzieler, Hien handelt no der Moos vu Senger Léift a gëtt am Iwwerfloss, Hie gëtt sech ganz.
Vläicht ass et interessant, sech drun ze erenneren, déi nächste Kéier wou mir eis z.B. an der Kierch komplett iwwerfuerdert fillen, well all eis Talenter, all eise gudde Wëllen an eisen Engagement vill ze wéineg schéngen, a mir net wëssen, wéi déi Kierch soll an d’Zukunft goen.
De Psalm 144 dee mer haut liesen, verkënnegt: „Tu ouvres ta main: tu rassasies avec bonté tout ce qui vit“. An am Vers virdrun: „les yeux sur toi, tous, ils espèrent“.
Den hellege Benedikt seet am Prolog (4) vu senger Reegel: „Avant tout, demande-lui par une très instante prière qu’il mène à bonne fin tout bien que tu entreprennes“.
Mir brauchen an eisem Liewen net eleng dat Onméiglecht fäerdeg ze bréngen. Mir dierfen tatkräfteg op Gott hoffen. Woe mer dat?
Martine Regenwetter
Monastère d’Hurtebise