lb fr pt en
 
24. Juli 2024

Mir sinn dobäi!

Lëtzebuerger Massendénger huelen Deel un der Roumwallfaart (29.7.-3.8.24)

Vum 29. Juli bis den 3. August fënnt déi XIII. International Wallfaart vum Internationalen Massdéngerbond (CIM = Coetus Internationalis Ministrantium) zu Roum statt.

Kuckt eis Fotogalerie

De Kardinol Jean-Claude Hollerich ass President vum CIM. A sénger Invitatioun un d’Massendénger/innen huet hin gesot: "Getreu dem Sprichwort „Alle Wegen führen nach Rom“ lade ich euch alle aus den verschiedensten Ländern zur großen XIII. Internationalen Ministrantenwallfahrt im Jahr 2024 nach Rom ein. Am Grab des heiligen Petrus wollen wir erleben, dass wir gemeinsam Kirche sind – eine junge, dynamische Kirche, in der ihr als Ministrantinnen und Ministranten eine zentrale Rolle spielt, weil ihr besondere Zeugen von Jesus Christus und seiner Frohen Botschaft in euren Pfarreien und Diözesen seid. Solche Zeugen braucht unsere Kirche. Kommt alle nach Rom und erlebt Tage der Freude, des Gebetes und der Freundschaft!"

Och vu Lëtzebuerg fiirt eng grouss Equipe op Roum.

De Grupp besteet aus 51 Massdénger/innen, 4 Membere vun eiser Nationalequipe an 2 Buschaufferen. D’Massendénger/innen kommen aus 15 verschidde Paren a vun de ’Grands-Clercs’, déi zum Deel och Betreier vum Grupp sinn.
Et sinn Deeg vu Gemeinschaft, Spaass, Sightseeing, Spiritualitéit a Jugendmassen. Och eng Begéinung mam Poopst Franziskus op der Péitersplaz steet um Programm.

Rendez-vous ass e Sonndeg, den 28. Juli géint 19:30 Auer um P&R Bouillon an der Stad, wou de Weibëschof Leo Wagener de Reesseegen gëtt. Um 20 Auer geet et lass. Retour ass de 4. August géint 14 Auer.

Am Juni war e Virbereedungstreffen wou d’Rees virgestallt gouf an all Froe beäntwert konnte ginn.

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html