lb | fr | pt | en |
Diözeesan Pilgerfaart op Banneux
Donneschdeg den 12. September. Maria, breet däi Mantel aus!
Dëst ass 2024 de Motto vun der Pilgerfaart op Banneux. 1933 ass d‘Maria hei deem jonke Mariette Beco 8 Mol als „Jongfra vun deenen Aarmen“ erschéngen. Nom Zweete Weltkrich koumen dunn ëmmer méi Leit op dës Plaz fir zur Muttergottes ze bieden an esou huet Banneux sech een Numm bis iwwert d’Grenze vun der Belsch gemaach. Dëse Pilgerstroum geet virun. Och an eiser Zäit siche vill Leit en Halt an eng spirituell Orientéierung. Vill vun hinnen zielen dobäi op de Schutz an d‘Hëllef vun der Gottesmamm. Hei uewen op de raue Koppe vun der Haute-Fagne waart Maria bei all Wieder op d’Pilger a breet symbolesch hire Mantel voller Guttheet aus. Méi wéi engem huet si schonn Trouscht an Hëllef gespent, oder een Auswee gewisen, ee Liicht an der Däitschert. Duerch hir schlicht Presenz kritt de Mënsch d’Gefill eecht geholl ze ginn, erwaart a geléift. Och de Poopst François huet eng besonnesch Bezéiung zur „Vierge des pauvres“.
Am Kontakt mat der Gemeinschaft Sant’Egidio huet hien esouguer viru 5 Joer eng Kopie vun der „Jongfra vun deenen Aarmen“ am Vatikan opstelle gelooss. Kee Wonner, well dëse pastorale Poopst ass dach de Frënd vun esou villen Aarmen, dorënner och besonnesch vill Obdachloser a Flüchtlingen, déi bis bei de Péiterdoum kommen, fir an engem geschützte Raum eng Liewenshëllef ze fannen.
Fir de Poopst ass d‘Maria an all deem dee gudde Stär. Si ass d‘Weeweiserin fir Mënschen, déi an der Solidaritéit wuesse wëllen. Grad Maria mécht de Mënschen d’Aen op fir d’Nout vun aneren. Bei hir ass all Mënsch wëllkomm: déi Krank, déi Aarm, déi Mënschen, déi net méi eleng mam Liewe fäerdeg ginn, Mënschen, déi de Sträit opfrësst, Mënschen, déi viru Gewalt a Krich fortgelaf sinn. Bei der Jongfra vun deenen Aarme fanne si eng Plaz vu Fridden a Rou. Bei hir si mir all wëllkomm.
Intressant ass et awer, datt een hei zu Banneux keng monumental Gebaier a keng signifikant Konschtwierker fënnt. Zu Banneux gëtt een och net vun der Ästhetik verwinnt, mee mat der Banalitéit vum Liewe konfrontéiert.
Wéi Maria kleng Spueren vu Léift an dem Mariette Beco säi Liewe gedréckt huet, sou wëllt si äis och am Alldag an all senger Banalitéit begéinen. Mee Maria wëllt net, datt mir Mënsche stoe bleiwen oder zréck ginn. Si wëllt äis Weeër vum Liewe weisen, an zwar mam Jesus, hirem Jong, deen äis formen a féiere wëllt. An enger Zäit, wou d’Rücksichtslosegkeet an den Egoismus nees zouhuelen, weist Maria äis duerch hiert Liewen de Wee vun der Häerzensfräiheet, déi äis frou mécht. Si ass u sech déi éischt Pilgerin, déi opbrécht ouni ze gesinn. Si weist äis, wéi gleewe geet. Grad um Ufank vun engem neie Pastoraljoer ass et duerfir méi wéi eng schéin Traditioun fir op Banneux ze kommen, mee eng Tankstell, wou mir dierfen „de plein“ maachen ier et nees lass geet.
Umeldungen fir d’Pilgerfaart op Banneux ginn an de jeeweiligen Dekanater ugeholl:
- Dekanat Osten, Tel. 750063-1 vu méindes bis donneschdes tëscht 14.00 a 16.00 Auer am Kaplounshaus;
- Dekanat Zentrum virum 4. September jjf@scj.lu oder um Tel. 661 746 852;
- Dekanat Lëtzebuerg: notre-dame@cathol.lu oder Tel. 222970-1;
- Dekanat Süden-Ost um Tel. 511546;
- Dekanat Süden-West um Tel. 661 257 284 oder um 545834;
- Dekanat Norden (perséinlech Transporter).
- D’Foulards Blancs begleeden och nees déi Krank a Mënsche mat engem spezifesche Besoin. Umeldunge gi beim Marie-Claire Rasqué um Tel. 23620720 oder par Mail foulards-blancs@lgs.lu entgéint geholl.
D’Pilgerfaart gëtt vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, presidéiert. Déi liturgesch Viirbereedunge leien an den Hänn vum Dekanat Osten an Zesummenaarbecht mam diözeesane Pilgerbüro. An elo freeë mir äis op d’Vakanz a gesinn äis vläicht zu Banneux den 12. September erëm, an dëst am Virfeld vum Poopstbesuch zu Lëtzebuerg.
Léif Muttergottes, biet fir äis! Léif Jongfra vun deenen Aarmen, biet mat äis.
Renée Schmit
Bëscheeflech Delegéiert fir d’Evangeliséierung an déi diözeesan Bildung