lb fr pt en
 
10. Juni 2024

"Blummen a Planzen" bannen a baussent 58 Kierchen a Kapellen

Fotoe vum Weekend vun den oppene Kierchen den 1. a 2. Juni 2024

Klickt op d’Foto fir d’Billergalerie ze kucken...

Wéi all Joer, war och dëst Joer um éischte Weekend vum Juni den traditionelle Weekend vun den oppene Kierchen zu Lëtzebuerg. Den Thema war Blummen a Planzen. 58 Kierchen a Kapellen haten hir Diere grouss opgemaach, op vill Plaze gouf et och ee spezielle Programm. Klickt duerch eise Fotoalbum a loost iech vun der Pracht an der Vilfalt vum lëtzebuergesche reliéise Patrimoine iwwerzeegen.

Fir d’Ouverture hunn eis Vertrieder vun der Kierch (Weibëscht Léon Wagener an de vicaire épiscopal Georges Hellinghausen), dem Kulturministère (Patrick Dondelinger) an der Stad Lëtzebuerg (Schäffen Maurice Bauer a Conseiller Robert Philippart) beéiert. De Maurice Clement huet mat engem exzellente Concert op der Uergel duerch den europäesche Barock geféiert an d’Christiane Kremer-Hoffmann huet erkläert, wat et domat op sech huet, datt een dacks Blummen a Planzen am Décor vun enger Kierch fënnt.

Zu Eileng gouf freides owes een After-work mat DJen organiséiert a ganz vill Leit hu vun där exzellenter Atmosphär profitéiert.

Zu Bollendref-Bréck war eng Ausstellung vun enger jonker Kënschtlerin, zu Steebrécken gouf den Décor vum Ady Deville virgestallt.

Op vill Plaze goufe Visite guidéeën ugebueden, dacks mam Schwéierpunkt Blummen. D’Kierche ware schéi gerëscht an ee gudden Doft huet ee bei der Entrée empfaangen. Dat war besonesch de Fall zu Lëlz an der klenger Duerfkapell, wou e puer üppeg Bouquete mat Rouse stungen an d’Frënn vun de Rousen och eppes dozou verzielt hunn. Awer och op der Pirmesknupp, mëtten an der fräier Natur, stungen d’Planze vun haut a vu fréier am Mëttelpunkt. Déi schéinste Barock Kapell vu Lëtzebuerg D’Loretto-Kapell zu Clierf, um Bord vun der Uertschaft, am fréiere Wëldpark, war och ausnamsweis ze besichtegen.

E grousse Merci geet un déi vill lokal Leit, déi sech ëm "hier" Kierch këmmeren an houfreg sinn fir se alle Leit ze weisen. An natierlech och un déi Generatioune vu Leit virdrun, deene mer ze verdanken hunn, datt mer eosu ee prachtvolle Patrimoine hunn.

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html