lb fr pt en
 
5. Juli 2024

E Kaddo fir de Poopst

Apostolesch Visitt vum Hellege Vater zu Lëtzebuerg

Am Kader vun der apostolescher Rees op Lëtzebuerg, déi ënnert der Devise “Fir ze déngen” steet, iwwerreecht d’Äerzdiözees dem Hellege Vater de 26. September 2024 e Kaddo, fir him Merci ze soe fir seng Visitt an hie bei senge karitativen Aktiounen ze ënnerstëtzen. Dëse Kaddo, a Form vun engem Don, geet un d’Wierker vum Dicastère pour le Service de la Charité vum Hellege Stull, bekannt ënnert dem Numm Aumônerie Apostolique. D’Aumônerie Apostolique huet als Missioun, fir am Geescht vum Evangelium an am Numm vum Poopst, d’Baarmhäerzegkeet zu Gonschte vun deenen Aarmen, deene Schwaachen an deenen Ënnerdréckten uechter d’Welt ze liewen.

Aumônerie Apostolique

Wann Dir Iech un dësem Kaddo bedeelege wëllt, kënnt Dir en Don maachen un d’Fondatioun Sainte-Irmine: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 (mat der Mentioun: Don - Kaddo fir de Poopst), wa méiglech virum 15. September. Fir Online-Donen: www.irmine.lu

Kontakt: Fondation Sainte-Irmine, 4, rue Génistre, L-2014 Luxembourg, info@irmine.lu
Är Done kënne vun de Steieren ofgesat ginn an de gesetzleche Limitten

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html