lb | fr | pt | en |
1. August 2024
D’Sonndesmass um 18. Sonndeg am Joreskrees gëtt vun Äischen iwwerdroen
De 4. August gëtt d’Houmass vun Äischen iwwerdroen. D’Chorales réunies vun Äischen - Habscht - Käerch sangen ënnert der Direktioun vum Francis Lucas. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorales réunies vun Äischen - Habscht - Käerch
D’Chorales réunies vun Äischen – Habscht – Käerch hu sech zesumme gedoen, fir gemeinsam ze prouwen, op de groussen Feierdeeg d’Massen, Begriefnismassen an Concertën ënnert der Direktioun vum Francis Lucas ze sangen.
Gäre géife mir nei Sängerinnen a Sänger an eiser Mëtt begréissen fir zesummen och an Zukunft déi gesanglech Aktivitéiten ze verschéineren.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Jonathan | |
---|---|---|
Agangslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | LD 090 |
Kyrie | Kyrie | Glesener |
Gloria | Gloria | Isabelle Fontaine |
Tëschegesang | Dein Erbarmen o Herr | GL 657,3 |
Alleluja | Alleluia | LD 206 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Pain des merveilles | |
Sanctus | Sanctus | Glesener |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agnus Dei | Glesener |
Kommioun | May the road | |
Schlusslidd | Tu es Petrus | Lamberty |
Sortie | Jonathan |
Info