lb | fr | pt | en |
Maria, Zeeche vu sécherer Hoffnung a Krisenzäiten
Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Renée Schmit (12. Mee 2023)
Lesung aus der Offenbarung des Johannes (Offb 12,1-12)
Dann erschien ein großes Zeichen am Himmel: eine Frau, mit der Sonne bekleidet; der Mond war unter ihren Füßen und ein Kranz von zwölf Sternen auf ihrem Haupt. Sie war schwanger und schrie vor Schmerz in ihren Geburtswehen.
Ein anderes Zeichen erschien am Himmel und siehe, ein Drache, groß und feuerrot, mit sieben Köpfen und zehn Hörnern und mit sieben Diademen auf seinen Köpfen. Sein Schwanz fegte ein Drittel der Sterne vom Himmel und warf sie auf die Erde herab. Der Drache stand vor der Frau, die gebären sollte; er wollte ihr Kind verschlingen, sobald es geboren war.
Und sie gebar ein Kind, einen Sohn, der alle Völker mit eisernem Zepter weiden wird. Und ihr Kind wurde zu Gott und zu seinem Thron entrückt. Die Frau aber floh in die Wüste, wo Gott ihr einen Zufluchtsort geschaffen hatte; dort wird man sie mit Nahrung versorgen, zwölfhundertsechzig Tage lang.
Da entbrannte im Himmel ein Kampf; Michael und seine Engel erhoben sich, um mit dem Drachen zu kämpfen. Der Drache und seine Engel kämpften, aber sie hielten nicht stand und sie verloren ihren Platz im Himmel. Er wurde gestürzt, der große Drache, die alte Schlange, die Teufel oder Satan heißt und die ganze Welt verführt; der Drache wurde auf die Erde gestürzt und mit ihm wurden seine Engel hinabgeworfen.
Da hörte ich eine laute Stimme im Himmel rufen: Jetzt ist er da, der rettende Sieg, die Macht und die Königsherrschaft unseres Gottes und die Vollmacht seines Gesalbten; denn gestürzt wurde der Ankläger unserer Brüder, der sie bei Tag und bei Nacht vor unserem Gott verklagte. Sie haben ihn besiegt durch das Blut des Lammes und durch ihr Wort und ihr Zeugnis. Sie hielten ihr Leben nicht fest, bis hinein in den Tod. Darum jubelt, ihr Himmel und alle, die darin wohnen. Weh aber euch, Land und Meer! Denn der Teufel ist zu euch hinabgekommen; seine Wut ist groß, weil er weiß, dass ihm nur noch eine kurze Frist bleibt.
Léif Leit alleguer,
De Votivaltoer virun eis ass esou konzipéiert, datt hien eise Bléck op d’Statu vun der Tréischterin am Leed fokusséiert.
Mir sinn et gewinnt si a schéine Kleeder ze gesinn. Mee, Dir wësst, datt déi Statu och ouni Bekleedung eng wonnerschéin Immakulata duerstellt, déi de Mound ënnert hire Féiss huet. Si erënnert domat un d’Fra aus der Offenbarung vum Johannes.
Dës Fra, déi e Jong op d’Welt gesat huet, gouf mat hirem Kand vun engem feierrouden Draach bedroht. Mee den Herrgott huet d’Kand an d’Fra gerett.
Den Hellegen Ambrosius vu Mailand, deen 339 zu Tréier gebuer gouf, huet dës biblesch Zeen folgendermosse gedeit: „Dës Fra ass d’Kierch. D’Sonn ass Christus. D’Fra war mat der Sonn bekleet, well déi Gleeweg, déi d’Kierch jo bilden, an der Daf Christus ugedo hunn ewéi e Kleed. Ënnert dem Mound kënnen mir – well hien of- an zouhëlt – dës Welt verstoen. D’Kierch trëppelt de Mound mat Féiss fir ze soen, datt si ganz fräi ass fir sech dem Himmel zouzewenden.“ Trotz Ufeindungen steet d’Kierch ënnert dem Schutz vum Herrgott.
Vill méi spéit ass d’Fra aus der Offenbarung mat der Muttergottes a Verbindung bruecht ginn. Iwwert hiert Kand, de Jesus, hat den Draach vum Doud keng Muecht. Hien ass operstan a „sëtzt rietserhand vum Papp“, wéi mir am Gloria bekennen.
A béide Fäll geet et ëm Biller, déi Hoffnung maachen. Feierrout Draachen, déi eng Bedroung fir eis duerstellen, an anere Wierder: Krisesituatioune gëtt et der genuch, weltwäit an och an eisem perséinlechen Erliewen.
Fir si ze bestoen zielen déi Gleeweg op d’Hëllef duerch den Herrgott an d’Hoffnung an den Trouscht vu Maria. Dofir ass dës Plaz mam Gnodebild vun der Tréischterin vir eis esou wichteg.
Iwwer Joerhonnerten hunn onzieleg Pilgerinnen a Pilger virum Bild geknéit, gebiet, ausgeschwat oder souguer ausgekrasch, wat si gedréckt huet. Net seele goufen si doduerch séilesch a kierperlech nei opgeriicht.
Mat engem klengen „clin d’oeil“ erënneren ech drunn, datt meng Heemechtsstad Dikkrich der Kathedral 1866 an Zäite vu Cholera een Zepter geschenkt huet, deen de Buergermeeschter deemols feierlech iwwerreecht huet.
Et war den äusseren Ausdrock vum Vertrauen un d’Wierkmächtegkeet vun der Gottesmamm a Krisenzäiten. Mir kéinten aner Beispiller opzielen: Bis an d’Kazett oder an d’Ëmsiidlung ass d’Tréischterin matgaangen. D’Hoffnungsbild vun der Patréinesch an de Rousekranz hu vill Jongen am Leschte Krich um Schluechtfeld oder an der Stopp wéi e Schatz versuergt.
Och beim Neiopbau vum Land war Maria een Zeeche vun Hoffnung. Aus Dankbarkeet hunn d’Leit nom Krich Sue gesammelt, fir déi futtis Kathedralsfënster iwwert der haiteger symphonescher Uergel ze restauréieren.
Mir liewen elo an eiser Zäit mat neie Krisen an Erausfuerderungen. An enger Dynamik vu Neievangeliséierung dierf der Tréischterin hiren Zepter kee Relikt aus der Vergaangenheet sinn, mee een Zeeche vun der Eenheet, datt mir all zesumme bewosst no vir ginn. Mir brauchen een neit Glawensfeier, dat mir eis an der Déift musse sichen an eis schenke loossen.
Den Zepter steet awer och fir eng Kierch, déi sech fir méi Gerechtegkeet asetzt a mat Léift an Ausdauer de Mënschen hir Suergen versteet a matdréit. Et ass also en neie spirituellen Déifgang gefrot, genee esou, wéi e resolut diakonescht Handelen.
Awer Maria dréit net nëmmen den Zepter an der Hand. Och ee gëllent Häerz hängt un hirem rietsen Aarm. D’Häerz steet fir d’Häerz vun der Mamm, een Häerz voller Léift, dat net op sech bezunn ass. Et ass een Häerz, dat generéis ass a couragéiert. Maria huet ee grousst Häerz fir d’Pilger vun alle Kulturen a Sproochen, een Häerz, dat am wuertwiertleche Sënn „kathoulesch“ also „allëmfaassend“ ass. An hirem Häerz ass Plaz fir jiddereen.
Hir, der Fra vun Hoffnung an Trouscht, kënne mir eist Häerz an aller Éierlechkeet opmaachen. Vläicht wëllt si fir d’éischt héieren, wat eis dréckt, dat, wat mir net richteg meeschter ginn: an der Koppel oder der Famill. Et kënnen al Wonne sinn, déi ëmmer nees ufänken ze bludden oder Dreem, déi zerplazt sinn.
Un d’Maria kënne mir eis mat all eise Liewensfroe wenden, grad och dann, wa grouss perséinlech Entscheedungen ustinn, wa mir bewosst Engagementer wëllen huele fir den Erhalt vun der Schëpfung oder fir d’Flüchtlingen, fir nëmmen dës Beispiller ze nennen.
Maria freet, datt mir hir, wéi de Jünger ënnert dem Kräiz, hir eist Häerz schenken.
Léif Schwësteren a Bridder,
Zum Schluss wëll ech nach op en anert Attribut kuerz agoen, dat d’Statu vun der Muttergottes dréit. Et ass eng Replik vum Schlëssel vun der Stad. Mat engem Schlëssel kann een op- an zouspären.
Eis Kierch brauch fir hire Wee an d’Zukunft ze goen éischter e Schlëssel fir opzespären. Am Kader vun der Synod iwwer d’Synodalitéit vun der Kierch siche mir no neien Zougäng fir eis Missioun am 21. Joerhonnert besser ze erfëllen. Fir si ze fannen an ze erschléisse brauch et d’Féierung duerch den Hellege Geescht, oppe Geeschter an oppen Häerzer.
Fir den 31. Mee, op deem a villen Diözeesen d’Fest vun der Visitatioun gefeiert gëtt, sinn all Katholiken zu engem spezielle Gebiet fir d’Synod am Oktober opgeruff. Mir vertraue Maria dëst esou wichtegt Uleies un. Si gëtt vu jehier och als „Knotenlöserin“ veréiert. „Wat Eva duerch den Onglawe gebonnen huet, huet Maria duerch de Glawe geléist“ seet den hellegen Irenäus. De Glawe vu Maria ass de Schlëssel fir déi grouss Erausfuederunge vun der Kierch unzegoen.
Léif Pilgerinnen a Pilger,
Loosst mer vun Häerzen dankbar si fir d’Geschenk vun eiser Oktav. An hir riichte mir bewosst eise Bléck op eis Tréischterin, déi fir eis all am Glawen e séchert Zeeche vun Hoffnung a vun Trouscht ass. Amen.
D’Bibel op Lëtzebuergesch
Déi véier Evangelien
D’Kierch muss d’Käschten droe fir d’Ausstralung vun der deeglecher Pontifikalandacht wärend der Oktav. Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung mat Ärem Don.
Weider Informatioune fannt Dir hei…