lb fr pt en
Priedegten 2023  
9. Mee 2023

Gëff mir ze drénken

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Renée Schmit (9. Mee 2023)

Aus dem Evangelium nom Johannes (Joh 4,6-10)

Well de Jesus midd war vun der Rees, huet hien sech bei de Buer gesat; et war ëm déi sechst Stonn. Du koum eng Fra aus Samaria, fir Waasser ze schäffen. De Jesus sot zu hir: „Gëff mir ze drénken!“ Seng Jünger waren nämlech fort an d’Stad gaang, fir eppes z’iessen ze kafen.

Du sot déi samaritesch Fra zu him: „Wéi kënnt et, datt s du, e Judd, mech, eng samaritesch Fra, fir eppes ze drénke frees?“ – D’Judden halen sech nämlech net mat de Samariter op.

De Jesus huet hir geäntwert: „Wann s du dem Herrgott seng Gof kenne géifs a wann s du wéisst, wien et ass, deen zu dir seet: ,Gëff mir ze drénken!‘, da géifs du hie froen, an hie géif dir liewegt Waasser ginn!“




Här Kardinol,
Léif Leit hei an der Kathedral an déi dir iwwert d’Medien an de Livestream mat eis verbonne sidd,

Am Kader vun der synodaler Demarche war am Juni 2022 eng Gebietszäit an der Kathedral ugesot. An enger Veillée a Presenz vum Kardinol Hollerich koumen ënnerschiddlech Leit mat hire Liewensgeschichten zur Sprooch, déi esou an d’Gebiet agefouert hunn. Dorënner war och eng Fra, déi deen Owend fir d’alleréischt an hirem Liewen an enger Liturgie vun hirem Leidenswee als gescheete Fra geschwat huet. No der Feier sinn ech op d’Fra duergaange fir Merci ze soen an si z’encouragéieren. No engem kuerze Gespréich huet si du gesot, wéi gutt datt et hir gedoen hätt, fir no esou ville Joren nees an der Kierch ëffentlech wouer geholl ze ginn. Hir an alle Fraen a Männer, déi ënnert de Folge vun enger Scheedung leiden oder gelidden hunn, wëll ech dës 7. Priedegt widmen.

De Bibeltext, dee mir elo grad héieren hunn, steet am Johannesevangelium (Joh 4,6-10). Hei geet rieds vum Waasser. D’Symbolik vum Waasser duerchzitt dat 4. Evangelium wéi ee roude Fuedem. Do ass fir d’éischt emol den Nikodemus, deen an engem Nuetsgespréich mam Jesus gesot kritt, datt hien aus Waasser a Geescht muss nei gebuer ginn (Joh 3,1-21), dann d’Hochzäit vu Kana mat de 6 stengene Waasserkréi (Joh 2,1-11), d’Heelung vum Geläämte bei der Piscine vu Siloe (Joh 5,2-9), d’Fousswäschung beim Leschten Abendmahl (Joh 13,1-20) a schliisslech dem Jesus säin oppent Häerz, aus deem Blutt a Waasser fléissen (Joh 19,34). An der éischter Kierch ass d’Daf wéi eng Neigebuert gesi ginn, fir an d’Relatioun mam Jesus eragebuer ze ginn.

Den Tertullian (150-220 n. Chr.) schreift am éischten Text, deen d’Traditioun eis iwwert Daf iwwerliwwert huet: „Nie war Christus ohne Waasser.“ [1] D’Waasser steet fir dat neit Liewen, dat de Jesus schenke wëllt.

Esou seet de Jesus dann och zur Samariterin um Jakobsbuer: „Wann s du wéisst, wien et ass, deen zu dir seet: ,Gëff mir ze drénken!‘, da géifs du hie froen, an hie géif dir liewegt Waasser ginn!“ Si, déi, déi sech an der Mëttesstonn erkéngt huet, un de Buer vu Sychar ze kommen. „Gëff mir ze drénken! Ech sinn duuschtereg!“ D’Plaz, wou hien dat seet, ass an der Mëtt vum Duerf an d’Begéinung fënnt an der batterer Hëtzt an der Mëttestonn statt.

Haut ass dat zu Naplous, eng kleng Stad op palestinenseschem Gebitt, déi fir d’Pilger am Hellege Land net ëmmer ganz liicht zougänglech ass. Et ass eng Plaz, déi bis haut vum Sträit markéiert ass, haut duerch d’Ausernanersetzungen tëscht Araber a Judden, an deemools duerch d’Spannungen tëscht de Judde vu Jerusalem am Süden an de Samariter aus dem Norden. A grad hei schockéiert dann och de Jesus säi jüddescht Ëmfeld duerch säi fräien Ëmgang mat enger Fra. Zu der deemoleger Zäit war dat skandaléis, well e jüddesche Mann, zemools, wann hien als Rabbi ugesi gouf, sech dovun ewech ze halen hat.

Am Fong bréngen dräi Haltunge vum Jesus eis un d’Nodenken:

  • Fir d’éischt emol d’Tatsaach, datt hien sech ëffentlech iwwer reliéis a sozial Konventiounen ewech setzt a mat enger Fra schwätzt.
  • Dann, datt dës Fra och nach zu enger ethnescher reliéiser Randgrupp gehéiert. An den Ae vun de Judde waren d’Samariter nämlech hir grouss Konkurrenten a vu Jerusalem aus ware si glat a guer net gutt gesinn.
  • An dann hat dës Fra och nach eng Rei Affäre mat verschiddene Männer an huet elo an enger Relatioun gelieft, déi dem Gesetz no net gülteg war.

De Jesus weess dat alles, awer hie verurteelt d’Fra net. Hie weist si och net zurecht, mee schwätzt si op Aenhéicht un: Ee respektvollt Gespréich, eng Begéinung ouni iergend ee Jugement. Dëse Moment gëtt fir déi samaritesch Fra zu engem Schlësselerliefnes, dat si esou staark a frou mécht, datt si eng richteg Beweegung ausléist, déi aner Mënsche bei de Jesus féiert.

Dräi wichteg Theme ginn hei ugeschwat:

  • de Jesus an d’Fraen,
  • dem Jesus säin Ëmgang mat Randgruppen,
  • dem Jesus seng Haltung vis-à-vis vu Leit a gescheiterte Bezéiungen.

Et sinn Themen, déi schonn iwwer Joren an der kathoulescher Kierch am Hannerhaff diskutéiert ginn a schonn dacks an der Ëffentlechkeet vill Emotiounen ausgeléist hunn a Bréch mat sech bruecht hunn. Kloer ass och, datt dem Jesus seng Approche bis haut net vun alle Katholike gedeelt gëtt. Mee kucke mer nach emol méi genee hin.

Grad dem Jesus säin Ëmgang mat de Fraen huet him méi wéi ee Mol schaarf Kritik abruecht. Vill Fraen hunn och zu sengem erweiterte Jüngerkrees gehéiert:

  • d’Maria Magdalena, déi hie geheelt hat,
  • d’Maria vu Bethanien, déi an him de Rabbi gesinn huet,
  • hir Schwëster Martha, déi ganz an der Roll vun der Gastgeberin opgaang ass.
  • Dann huet de Jesus d’Sënnerin, déi in flagranti beim Säitesprong erwëscht gi war, virun der Stengegung gerett.
  • Hien huet e wäertschätzende Bléck fir déi aarm Witfra gehat, déi mat hiren zwou klenge Mënze fir den Tempel alles zur Éier vum Herrgott hierginn huet.

Fir hien hunn d’Mënschen all déi gläich Würd. Mat Bezuch op Christus an d‘Daf wäert den Apostel Paulus spéider am Galaterbréif schreiwen: „Dir all, déi dir op Christus gedeeft sidd, hutt Christus ugedo. Et gëtt net méi Judden a Griichen, net Sklaven a Fräier, net Mann a Frau, well dir sidd all eens a Christus Jesus.“ [2]

Léif Schwësteren a Bridder,

A sengem Buch Die Zeit der leeren Kirchen [3] geet den Tomáš Halík och op dëst Thema an a schreift: „Dieses Jahrhundert scheint ein Jahrhundert der Frauen zu sein.“ [4] Ee Joerhonnert, an deem d’Fraen en neit Selbstverständnis entwéckelt hunn, fuerdert, datt och d’Kierch sech heimat muss ausernee setzen, fir d’Fraen net ze verléieren! Eng Kierch, déi sech vum Geescht leede léisst, schätzt Fraen net nëmme mat Wierder, mee hëlt si mat an d’Verantwortung a lauschtert op hir Uleies an hiert spezifescht Empfannen. Ass et net dat, wat de Jesus konsequent ugaangen ass? Ass et net dat, wat gemengt ass, wann een dervu schwätzt, sech op Aenhéicht ze begéinen?

An da gëtt et nach een 2. Grond, firwat de Jesus Erstaunen an Empörung ausléist. An aller Ëffentlechkeet schwätzt hie mat enger Samariterin. D’Judden hunn d’Samariter net bekuckt a geréngschätzeg behandelt, well si sech mat Ongleewege vermëscht haten an den Tempelkult vu Jerusalem ofgeleent hunn. De Jesus selwer war och ee Judd, weist awer hinne vis-à-vis keng Prejugéen. Am Contraire: denke mir nëmmen un d’Gläichnis vum baarmhäerzege Samariter, wou hien d’Verhale vum Mann aus Samarien géintiwwer de Vertrieder vum Tempel vu Jerusalem würdegt. Donieft muss ee gesinn, datt dacks grouss Beweegungen an enger Relioun oder och an der Politik duerch Randgruppen ausgeléist goufen. Denke mer nëmmen un de Nelson Mandela, de Mahatma Ghandi, de Martin Luther King a.a. Beispiller aus der Wëssenschaft, der Konscht, der Politik an der Relioun gëtt et sécher nach.

Eis Erzielung um Jakobsbuer ënnersträicht dann awer nach eng drëtt Haltung. De Jesus schwätzt mat enger Fra, déi scho fënnef Männer hat an elo mat engem Mann zesummen ass, mat deem si och keng rechtlech Bindung huet. Hie lueft d’Fra net a legitiméiert hir Bezéiungen och net an awer schléisst hien si net aus. Hien hëlt si als Persoun mat hirer ganzer Geschicht ganz eescht.

Léif Schwësteren a Bridder,

Ech maachen elo e Sprong an eis Zäit.

Wéi de Poopst Franziskus an Zesummenhang mat Amoris Laetitia [5] gesot huet, datt et wichteg wier, mënschlech an individuell op déi Gescheeten an Erëmbestueten zou ze goen, hinnen dee néidege Raum ze gi fir ze wuessen, hinnen esouguer ugedeit huet, datt d’Eucharistie éischter eng Stäerkung fir déi Schwaach wier, wéi eng Belounung fir déi Staark, hunn d’Pharisäer vun eiser Zäit sech massiv zu Wuert gemellt an dem Poopst mat béiser Kritik zougesat. Domat kënne mir eis froen, och wann de Buer vu Sychar nach ëmmer existéiert an nach ëmmer 30 m déif ass, ob mir dem Jesus säi Message wierklech verstanen hunn? Wëlle mir dëse Message liewen an dat ëmsetzen, wat hien eis opdréit oder ass d’Gesetz dann awer nach ëmmer méi wichteg, wéi d’Liewe vum Mënsch?

Grouss Uleies verstoppe sech hei hannendrun, mat deene mir och an dëser Oktav dierfen a solle bei d’Tréischterin am Leed kommen, well si ass d’Fra vum Liewen, d’Fra vun der Hoffnung. Si eleng weess, wéivill Frae scho virun hirem Bild gekrasch hunn, wann hire Mariage an d’Bréch gaangen ass a wann si da mat de Kanner virun engem Koup Schierbele stoungen.

Brénge mir all dës leedvoll a schmäerzvoll Situatioune virun d’Muttergottes. Brénge mir eist Liewe mat Iwwerzeegung virun si, datt si eis ee Liicht op eisem Pilgerwee schenkt an eis op neie Weeër an der Léift an an der Baarmhäerzegkeet féiert. Amen.


[1Tertullien, Le baptême. Le premier traité chrétien, Édition du Cerf, coll. « Trésors du christianisme », 2008.

[2Gal 3,27-28.

[3Tomáš Halík, Die Zeit der leeren Kirchen. Von der Krise zur Vertiefung des Glaubens, übersetzt von Markéta Barth, Herder, 2021.

[4Ibid., S. 65.

[5Poopst François, Nosynodaalt Apostolescht Schreiwes Amoris Lætitia, Nr. 241-246.

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html