lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Gottesmamm Maria ABC

Lk 2,16-21

Kontext

D’Evangelium vu Chrëschtdag mueres gehéiert zu de sougenannte "Kandheetserzielungen", Lk 1-2 (cf. Kontext 4. Adventssonndeg C a vu Chrëschtdag mueres). – Et ass wichteg, ze wëssen, mat watfir enger litterarescher Gattung een et ze dinn huet, fir net Saachen an den Text ze leeën, déi iwwerhaapt net dra sinn.

An deenen zwee Kapitele verzielt de Lk a parallelen Erzielunge vum Johannes dem Deefer a vum Jesus. Déi wichteg Aussoen iwwert deen een an deen anere leien an den Ënnerscheeder vun deenen eenzelnen Elementer; z. B. hu mer a Lk 1, 57-66 d’Erzielung vum Johannes senger Gebuert an a Lk 2, 1-21 déi vum Jesus, wou frappant Ënnerscheeder sinn: de Johannes kënnt am Zacharias sengem Haus op d’Welt, d’Famill an d’Nopere sinn do a freeën sech (1, 58), an de Bierger vu Judäa gëtt iwwerall verzielt, wéi d’Elisabeth an de stommen Zacharias sech eens waren iwwert denNumm, deen d’Kand kréie sollt bei senger Beschneidung (1, 65f) – de Jesus kënnt ënnerwee op d’Welt, well en heednesche Keeser en Dekret erausginn hat, d’Maria huet just de Jouseph fir ëm bäizestoen an hatt selwer wéckelt d’Kand a leet an eng aremséileg Krëpp (2, 4-7) an nëmme Randgestalte vun der deemoleger juddescher Gesellschaft komme laanscht kucken (Vv. 15-20). Am Kontrast zu dëser mënschlecher Aarmut steet de Gesank vun den Engelen (2, 11-14) an zwee christologesch Titele gi gebraucht fir ze soen, wien dat Kand ass: de Retter (en Titel, deen an der LXX ëmmer just fir den Herrgott gebraucht gëtt) a Christus, Här (en Titel typesch fir de Lk: 19x am Lk an eng 40x an der Apg, no Ouschteren, wou de Jesus kloer als Här akklaméiert gi kann; an der réimescher Welt gouf déi Zäit den Augustus, ‘KYrios/Här Augustus’ esou betitelt!). Domadder sinn d’Erzielungen aus dem Evangelium virbereed an deenen de Jesus sech als Retter a Messias, Här weist.

An de Vv duerno (22-39) sinn et dann net méi Engelen, déi verkënnegen, wien de Jesus ass, mee zwee Mënschen, de Simeon an d’Hanna (Lk 2, 22-39; cf // Lk 1, 41-45. 69-79).

Text

D’Hierden hunn sech geflass...(V. 16)
Tselwescht wéi d’Maria sech geflass huet fir beim Elisabeth unzekommen, fläissen hei d’Hierden, Randfigure vun der deemoleger reliéis-ziviler Gesellschaft, sech (cf. Lk 1, 39).

... an si hunn d’Maria an de Jouseph fonnt an d’Këndchen, dat an enger Krëpp louch (V. 16)
Den Ochs an den Iesel sinn eréischt e puer Jorhonnerte méi spéit derbäikomm, an engem apokryphen Text (= "geheimen", net offiziell unerkannten Evangelium, dem Evangile du pseudo-Matthieu). - D’Këndchen, dat an enger Krëpp louch (cf. supra Kontext). – De Jouseph ass bis elo kaum ernimmt ginn.

Wéi si dat gesinn hunn,..., wat hinnen iwwert dëst Kand gesot gi war. All déi, déi et héieren hunn... (Vv. 17-18)
Erstaunt kéint ee froen, wien dann nach do war (cf. V. 16)!

... hunn sech gewonnert (V. 18)
A Lk 1, 63 wonneren d’Leit sech iwwert den Zacharias, deen de Numm Johannes opschreiwt. Duerno iwwerkënnt si Angscht (1, 65), d’Hierden awer si voller Freed (cf. V. 20).

D’Maria awer huet sech all dës Wierder gemierkt (V. 19)
A Lk 1, 66 maachen d’Leit dat wéinst den Ënstänn ronderëm dem Johannes seng Gebuert. – Op ville Plazen an den Evangelie behalen d’Leit eppes an hirem Häerz/hiren Häerzer, resp. denken do iwwert eppes no (beim Lk z. B. 1, 66. 2, 19.35.51 bis hin zu 21, 14). Mam Häerz ass biblesch näischt sentimentales geméngt, mee, et ass do, wou de Mënsch iwwerleet an Décisiounen hëlt, d’Plaz, wou d’Verstoen, d’Intelligenz sëtzt.

Wéi d’Hierden hannescht bei hir Häerd gaange sinn,... (V. 20)
Tselwescht wéi d’Leit an dem Lk, déi de Jesus heelt oder, déi hien eppes froe kommen, ginn och d’Hierden no dier Begéignung erëm hannescht an hiren Alldag, an dach ass eppes anescht wéi virdrun.

... hunn si den Herrgott verherrlecht a gelueft.... (V. 20)
Tselwescht wéi Geheelter, oder Zeie vu Wonner anerwäerts am Lk verherrlechen a luewen d’Hierden, déi Ausgestoussen, den Herrgott (cf. Lk 5, 25f; 7, 16; 13, 13; 18, 43;...). Bis zum Schluss vun dësem "Gebuertsdaagstext" mierke mer, datt mer hei kee Reportage, keng Biographie hunn, mee handfest Theologie, wou permanent am Hannergrond deen Operstanen duerchschéngt.

Aacht Deeg drop, wéi et un der Zäit war, fir d’Kand ze beschneiden, ass et Jesus genannt ginn (V. 21)
Wuertwiertlech "wéi aacht Deeg erfëllt waren": fir de Lk ass et wichteg ëmmer erëm ze weisen, datt d’ "Zäit erfëllt" war, datt de Jesus dëst an dat "erfëllt" huet; "erfëllen" huet dann erëm deen duebele Sënn vun "fäerdeg maachen, accomplir" an "eppes opfëllen" oder "ausfëllen". – D’Virschrëft steet a Gen 17, 11-12 a Lev 12, 3; e Bouw gëtt domadder Member an deem Volléck, mat deem Gott säi Bond geschloss huet. Mee, weder a Gen nach a Lev ass gesot, datt d’Kand da säin Numm kritt. No Gen 4, 1; 21, 3; 25, 25f, asw kritt d’Kand säin Numm direkt bei der Gebuert; de Johannes den Deefer (Lk 1, 59) an de Jesus awer (mer sinn nach ëmmer an de Parallelerzielungen iwwert de Johannes an de Jesus) kréien hiren Numm eréischt, esou wéi et am Hellenismus an am méi spéide Juddentum Brauch war, bei der Beschneidung, d.h. mat aacht Deeg. – D’Kand gëtt "Jesus" genannt, wéi den Engel gesot hat, an net, wéi et Brauch war, wéi de Grousspapp. Woubäi "Jesus" e Programm ass: den Herrgott rett.

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html