lb | fr | pt | en |
Perspektivwiessel
Kommentar zum 32. Sonntag von Martine Regenwetter (6.11.2022)
Den Owend vum sougenannten Halloween hunn ech den Dracula begéint. Hie war mat senger Madamm a sengem klenge Meedchen ënnerwee, si all haten afrikanesch Zich. Wéi ech méi no koum, sot hien zum Meedchen: „Looss d’Madamm laanscht!“ Ech war verwonnert, datt hie lëtzebuergesch ouni dee geréngsten Accent geschwat huet. Et war roueg an der däischterer Strooss an sou hunn ech d’Meedche kuerz drop héieren zu senger Mamm soen: „dee Bam huet guer keng Blieder méi!“ An si: „A wéi sange mer, wann de Bam esou plakeg ass?“ An d’Draculasfamill mat den afrikaneschen Zich huet zesumme gesonge „Bam wou sinn deng Blieder, huet de Wand dir s’all geholl...“ Et war en himmlesche Moment, dee mir fir länger e Laachen op d’Gesicht gezaubert huet. Et war esou guer net dat, wat ech erwaart hat.
A propos Erwardungen a Virstellungen: d’Sadduzäer waren eng héichgestallte Volleksgrupp aus der d’Hohepriester ausgewielt goufen. Si hunn näischt gehale vun dem Operstéiungsglawen, deen ab dem 2. Joerhonnert viru Chr. am Vollek Israel, z.B. bei de Pharisäer, opkoum. Fir si hu just déi éischt 5 Bicher, d’Torah, gezielt. Ech géing bal gär soen, si sinn op de Buschtawe vun dëse 5 Bicher erëmgeridden, mee hunn de Prophéiten an de Geschichtsbicher, also der Erfarung vum Vollek mat Gott, kee Kredit ginn a sech och selwer op keng Erfarung agelooss.
A sou kennt et dann zu der haarsträubender Fro am Evangelium, zu wiem vun hire 7 Männer déi aarm Fra dann am Himmel géing gehéieren. Eng Fro fir den Operstéiungsglaawe lächerlech ze maachen an ze weisen datt en ondenkbar ass, sou wéi een dat haut oft erlieft.
Dem Jesus seng Äntwert ass e komplette Perspektivwiessel: „si [déi am Himmel] sinn ewéi Engelen“ (Lk 20,36), dat heescht, am Himmel si mir a permanenter déiwer Relatioun mat Gott. An de Sadduzäer hirer Fro huet Gott effektiv total gefeelt.
Net esou an der Liesung aus dem 2. Buch vun de Makkabäer, déi eis vum grujelege Martyrium vu 7 Jongen an hirer Mamm zielt. An den net kanonesche Bicher wéi dem 4. Buch vun de Makkabäer an och am fréie Chrëschtentum sinn déi 7 an hier Mamm ganz present. Den Augustinus an aaner Kiercheväter hunn iwwert si gepriedegt. Si goufe veréiert an et gëtt op sou munche Platze Kierchen déi hinne geweit sinn. Si hunn sech net um Buschtaw festgehal, mee hunn aus der déiwer Erfarung mat hirem Gott gelieft, deen an der brennender Därenhéck zum Mose seet: „Ech sinn den Ech sinn do“ (Ex 3,14) an „ech sinn de Gott vun denge Virfaren, de Gott vum Abraham, vum Isaak a vum Jakob“ (Ex 3,6). Si sinn esou duerchdronge vun hirer Relatioun mat Gott an deem Glawen u säi Wuert, datt et fir si kee Grond zur Angscht ass, hiert ierdescht Liewen opzegi fir koherent mat hirem Glawen ze bleiwen. Si wëssen datt Gott bei hinnen ass an si och am Doud net eleng léist, mee si am éiwege Liewen ophellt, wou si Him nach méi no kenne sinn. Den Ënnerscheed tëscht Sadduzäer a Makkabäer ass d’Erfarung vu Gott an d’Sech-Aloossen-op-säin-Verspriechen.
Dat ännert alles.
Ech wënschen eis all ëmmer erëm Erfarunge mat Gott, déi mat eise virgefäerdegte Meenungen opraumen an eis vu Sengem Liewe liewen dinn, schonn elo.