lb | fr | pt | en |
Op der Sich no Gottes Wëllen
Kommentar zum 15. Sonntag von Martine Regenwetter (10.7.2022)
Dëse Sonnde liese mer d’Evangelium vum gudde Samariter, dat mer baal all zënter eiser Kannerzäit sou oft héieren hunn, dat mer eis zu senger Ausso kaum nach Gedanke maachen.
Et ass awer verwonnerlech, datt bei dëser Geschicht de Samariter dee Gudden ass, wann een sou wëll. Ëmmerhin hu mer nach dëse Mëttwoch an den Texter vum Dag gelies, datt de Jesus déi 12 beruff an ausgesand huet, awer nëmme bei d’Vollek Israel an op kee Fall bei d’Heeden oder d’Samariter (Mt 10,5-6). Och wéi de Jesus d’Syro-Phoenizierin begéint (Mc 7,24-30), behaapt hien sech an engem éischte Moment drop, datt hie just fir d’Kanner vum Vollek Israel komm ass. Mee am weidere Verlaf mierkt een, datt hie säi Verhalen ännert, z.B. och an der Begéinung mat der Samariterin beim Buer (Jn 4,1-42). Dëst Ajustement an anerer si wuel gemengt mat deem kuerze Saz um Ufank vum Lukasevangelium : « Jésus progressait en sagesse et en taille, et en faveur auprès de Dieu et auprès des hommes. » Hien huet Gottes Wëllen no an no verstan an et gouf him kloer, datt hien net nëmme fir d’Vollek Israel mee fir d’Heel vun alle Mënschen op d’Welt komm war. Hien hëft d’Trennlinn tëscht Heeden a Vollek Israel op. A sträicht déi ervir, déi tëscht deenen verleeft, déi Gott am Häerz mat aller Kraaft sichen an deenen, déi Gott wëllen nosinn andeems si sech un äusserlech Reegelen halen.
Effektiv ass et och dat, wat sech erausstellt an der Geschicht vum gudde Samariter. Dat wat dëse vun dem Priister an dem Levit ënnerscheet ass, datt d’Schicksal vun deem Blesséierten him am Häerz wéi deet, wärend vum Priister a Levit gesot gëtt, datt si e gesinn an dann e Bou em hie maachen. Wisou këmmeren si sech net em dee Blesséierten, wann dach am Gesetz steet, « Du solls den Här däi Gott gär hunn mat ganzem Häerz, ganzer Séil, mat denger ganzer Kraaft an dengem ganzen Denken (Dt 6,5) an däin Nächste wéi dech selwer (Lv 19,18). Wisou ginn si net nëmme laanscht, mee maachen e Bou ? Well d’Reegel beseet (cf Lv 11-16), datt een am Kontakt mat engem deen net zum Vollek Israel gehéiert onreng gëtt, genausou wéi duerch Kontakt mat Blutt oder mat engem Doudegen. Am Fall vun dem Mann am Gruef ass et onkloer zu wéi vill Kategorien hie gehéiert, mee elléng duerch d’Blutt ass hien disqualifizéiert. De Priister an de Levit handelen no de Reegelen an si wëlle Gott duerch dëst Handele gerecht ginn, mee genau dës Reegele maachen, datt si net hëllefen a sou Gottes Wëllen net erfëllen.
Schonn am alen Testament goufen d’Prophéiten net midd, dem Vollek Israel ze verkënnegen, datt d’Rengheet sech manner op Ritualer an äusser Reegele bezitt, wéi op d’Rengheet vum Häerz (zB Is 29,13 an Os 6,6). Och de Jesus mécht dat an Markus 7,15 kloer. Hie seet och am Lukas 7,30 datt d’Pharisäer a Levite Gottes Heelswëlle refuséiert hunn andeems si d’Daf vum Johannes net ugeholl hunn.
Et ass schwéier anzegesinn, datt een och wann een sech un d’Reegelen hält, ka géint Gottes Wëllen handelen. Loosse mer am Synodale Prozess dorun denken an eis vum Hellege Geescht leede loossen.