lb fr pt en
Jahr C (2015-2016)  
31. Oktober 2016

Well d’Léift verbënnt

Gedanke fir Allerséilen

Déi wielech Blieder falen,
An d’Natur breet sech op eng Paus vir.
Niwwel läit um Flouer,
An d’Nuechte gi méi laang.
Faarweg Hierschtblummen
Erënneren u Vergänglechkeet.

Alles schwätzt vu Rou a Fridden.

Rou a Fridden hunn déi fonnt,
Un déi mer an dësen Deeg
Ganz besonnesch denken.
Déi äis eppes bedeit hunn,
Déi mer gär haten,
Déi e Bou spanen tëscht gëschter an haut.

An de Gedanke si si ganz no.
Si hunn e Gesiicht,
An ‘t spiert een hir Hand,
Wéi deemools, wéi si bei äis waren,
Wéi se mat äis gaang sinn,
Wéi mir hinne vertraut hunn.

Komm bei si,
Déi s du net vergiesse kanns,
Déi s du net vergiesse wëlls.
Looss dech tréischten,
Wann d’Verlaangeren ze grouss gëtt.
Komm an erfuer,
Datt d’Léift verbënnt.

Monique Hermes

Fotoe: Monique Hermes
 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html