lb | fr | pt | en |
An der Däischtert … mat stëller Hoffnung
Kommentar zum 2. Adventssonntag von Martine Regenwetter (10.12.2023)
Wann de Maître-mot vum 1. Adventssonnden „Waacht!- sieft opmierksam!“ war, dann ass den Imperatif vun dësem 2. Adventssonnden „Tréischt!“ (Is 40,1).
Trouscht. E schwéiert Wuert an dësen Zäite wou esou vill Däischteres ronderëm sech gräift. Wéi kann ee bei de schreckleche Kricher, bei deem immense Leed iwwerhaapt drun denken datt et kéint en Trouscht ginn?
Wéi soll een och Mënschen tréischten, déi duerch de Klimawandel schonn alles verluer hunn, wärend Anerer nach driwwer diskutéieren, ob et dee Klimawandel iwwerhaapt gëtt oder ob mir en Afloss drop hunn?
Schwéier och, fir eis, déi mir heiheem zum gréissten Deel privilegéiert schéngen.
Oft soe Leit mir: wann ech d’Leed vun deenen Aneren héieren, soen ech mer, datt ech kee Recht hunn, mäi Leed ze zielen, well deenen Anere geet et vill méi schlecht wéi mir.
Mee Leed kann een net bemoossen ouni d’Dignitéit vun deem Eenzele mat Féiss ze trëppelen. Jiddereen erlieft säint an huet säi Päckelchen ze droen. Fir aus dem Leed eraus ze kommen, brauche mer Gerechtegkeet, wéi Gott eis se dëser Deeg ëmmer erëm versprécht (1P3,13 ; Ps 84,11-12).
An och d’Recht an d’Geleeënheet, eist Empfannen auszeschwätzen an domat Gehéier ze fannen. En Ouer, deem et net egal ass, wat mer soen a wéi et eis geet. En Ouer, dat net jugéiert an net versicht dat Gesotent séier ewech ze wëschen, duerch Sätz wéi: „Et kommen och nees besser Zäiten! Et geet schonn erëm alles an d’Rei! Maach der näischt draus! Denk positiv!“ Sou Sätz ginn eis d’Gefill net gehéiert ze ginn, net dierfe mat eisem Leed ze existéieren. An dono fillt een sech nach méi schlecht wéi virdrun.
Mee wat brauche mer dann eigentlech, wa mer Trouscht brauchen? Heiansdo weess een et net. Heiansdo ass een einfach schockgefruer, et weess ee guer net méi wat ee brauch a wat ee well, et weess ee just et deet wéi an ech well, datt et ophält wéi ze doen. An da kennt et fir, datt een sech behëlt wéi e Kand dat doudmidd ass, awer net schlofe goe well, datt bläert a kräischt a sech géint seng Eltere wiert, ronderëm sech schléit.
An dëser Däischtert bréngt Gott säi Liicht vu stëller Hoffnung:
Advent says « no » to sentimentalized Christmas cheer. Instead, it invites us to name our sorrows, lament our unfulfilled longings, pay attention to the pain of waiting in the wilderness – all with quiet hope. Advent begins in the dark*
sou benennt et d’Pastorin Fleming Rutledge.
Gott ass mächteg a kann onerwaart an eis Däischtert komme wéi en Tsunami (vgl. Is 40,10 ; 1P3,10). Mee entgéint dem Tsunami respektéiert en eis esou vill, datt hie waart, wa mir net prett si fir säi Kommen (1P3,9). Loosse mer an dëser Däischtert versichen eis een deem Aneren dëse Respekt entgéint ze bréngen a kléng Schrëtt maachen um Wee zu deem Fridden, deen d’Welt esou néideg brauch. Dann ass Gott do an d’Weeër gi riicht (Is 40,3-4).
* Der Advent sagt „Nein“ zu sentimentalem Weihnachtsjubel. Stattdessen lädt es uns ein, unsere Sorgen beim Namen zu nennen, unsere unerfüllten Sehnsüchte zu beklagen und auf den Schmerz des Wartens in der Wildnis zu achten – und das alles mit stiller Hoffnung. Der Advent beginnt im Dunkeln.