lb | fr | pt | en |
„Du eleng hues Wierder vum éiwege Liewen“
Kommentar zum 24. Sonndeg vum Raymond Streweler (16. September 2018)
Mk 8, 27-35
D’Meenungen iwwert de Jesus si gedeelt. Vill si fortgaangen an hu seng Botschaft onerdréiglech fonnt. Jesus freet duerfir seng Jünger: „Wëllt dir och goen?“
An de Péitrus a senger gewinnter Manéier ass gläich mat enger Äntwert do: „Du bass de Messias!“ De Péitrus huet eng Meenung iwwer Jesus, awer et ass seng Meenung. Duerfir hëllt hie Jesus op d’Säit, mécht him Virwërf a wëll virum Leiden an dem Kräiz warnen. Domadder fänkt hie sech awer bei Jesus eng gehéiereg Ruge an.
Mam Péitrus gi mer erausgefuerdert zu enger perséinlecher Entscheedung. E begeeschtert Bekenntnis geet net duer.
Nofolleg ass gefrot. Wie sech un dat ierdescht Liewe klammert, wie Besëtz, Carrière, Gesondheet an Erfolleg als dat Wichtegst ugesäit, dee verléiert dat richtegt Liewe, vun deem Jesus schwätzt. Wien awer säi Liewe wéinst Jesus als zweetrangeg betruecht, dee wäert et retten a gewannen.
Méi séier gesot, wéi gemaach! De Regisseur vun dem herrleche Passiounspill vun Oberammergau 2010 huet an engem Interview op di Fro, ob hien dann och dat gleewe géif, wat hien op d’Bühn géing bréngen, geäntwert: „Seit 1990 habe ich mich auf die Suche gemacht. Oft verwirrt mich die Gestalt Jesu, oft begeistert sie mich. Vieles bleibt mir bis heute schmemenhaft und unerklärlich. Aber die Suche lässt mich nicht mehr los.“ (Christian Stückle).
Gleewen ass kee Besëtz, mä e liewenslaangt Sichen no Gott a sengem Heelswëllen. An dat bleift allemol spannend.
Jesus provozéiert mech a mengem Denken a Fillen, haut méi wi jee. Ech reege mech iwwert all Klengegkeet op, an hie seet mer: „Verzei!“ Ech igele mech a mengem Confort an, an hie seet mer: „Komm mat a looss lass!“ Ech wëll de Chef spillen, an hie seet mer: „Versich ze dengen!“ Ech fäerte mat mengem Glawen unzestoussen, an hie seet mer: „Ech si komm, fir Feier op d’Äerd ze werfen!“ Ech wëll grouss sinn, an hie seet mer: „Ech soll wéi e Kand ginn!“ Ech wëll iwwerall unerkannt ginn, an hie seet mer: „Setz dëch op di léscht Plaz.“
Dee Jesus provozéiert. Vill siche méi en einfache Messias, deen net esou vill fuerdert, mat deem een einfach matlafe kann ouni selwer e Fanger kromm ze maachen.
D’Weltgeschicht huet vill Mënschen ervirbruecht, déi an hir Nofolleg geruff hunn. Gelackelt hu si mat schéine Verspriechen, awer leider oft schrecklecht Onheel ugeriicht. Millioune Mënsche sinn op Ideologien eragefall, sinn ouni nozedenke matgelaf, hunn hiert Liewe verluer an onzieleg Matmënsche mat an d’Ongléck gerappt.
Jesus awer huet selwer de Kapp duergehale bis zum Doud um Kräiz. Déi hie vun deem Wee vum Papp am Himmel ofbrénge wëllen, nennt hie Satan.
Mam Péitrus froen ech mech awer och: „Wouhin dann an dëser komplizéierter Welt goen, wann net bei deen, deen d’Wierder vum éiwege Liewen huet. Duerfir bleiwen ech bei him a siche weider, an a mat der Kierch, hie besser ze verstoen an him nozegoen. Dann däerf ech mech trotz Froen, Zweiwelen a Versoë gutt fillen, well ech mech a Gottes Hand gebuerge weess.
Source: Luxemburger Wort