lb fr pt en de
Jahr A (2019-2020)  
28. März 2020

Ee verzweiwelte Ruff aus dem Glawen

Kommentar zum 5. Faaschtesonndeg vum Charles Bremer (29.3.2020)

„Här, wann s du hei gewiescht wäers ...“ (Joh 11, 21b) dëst sinn déi Wierder aus dem Evangelium vun haut, déi d’Martha an d’Maria dem Jesus an hirer Nout adresséiert hunn. An eiser Liesweis héiert sech dat un, wéi wann béid Fraen dem Jesus Virwërf maachen. Si reprochéieren him geträntelt, jo d’Situatioun net eescht geholl ze hunn. Dës Famill, déi jo ee gudden Kontakt zum Jesus hat, huet fest domadder gerechent, datt hien den Lazarus géif erëm gesond maachen, esou wéi hien et bei villen anere Mënschen gemaach huet. Eng batter Enttäuschung elo. De Lazarus ass un dëser Krankheet verstuerwen. De Jesus ass net komm, fir hie gesond ze maachen.

Fir eis alleguerten eppes onverständlech, ze wëssen, datt an eisem Bekanntekrees eng Persoun existéiert, déi krank Mënschen nees gesond ka maachen, an dee sech fir mech net beweegt huet, wann ech ëm Hëllef ruffen. Mir hätten och esou reagéiert. A mengen Aen eng normal Reaktioun. Passend villäicht grad an eiser Zäit. An dann, wann den Härgott net dat mécht, wourëms ech hien froen, briechen ech den Kontakt zu him, dann ass hie fir mech gestuerwen. Mir gesinn an dësem Evangelium ganz gutt, datt dat, wat de Mënsch – vum Härgott – verlaangt, net ëmmer an dem Härgott säin Plang erapasst. Jee méi mir eis eppes wënschen, an et kënnt aneschters, wéi mir eis et virgestallt hunn, desto gréisser ass d’Enttäuschung. Ech hunn dat Gefill, wéi wa mir Chrëschten denken, datt den Härgott een Automat ass, wou ech uewen d’Geld ageheien, mäi Wonsch drécken, an ënnen dat erauskënnt, wat ech mir gewënscht hunn. Och an eise Gottesdéngschter, wou eis Fürbitten ëfters zu enger Wonschlëscht ginn ...

Ech froe mech, wéini loosse mir dem Härgott Spillraum an eisem Liewen, fir datt hien wierken a Wonner vollbrénge kann. Wéini loosse mir eis ganz an seng Hänn falen a schenken him domadder eist Vertrauen, datt hie selwer, ouni datt mir et froen, alles zum Gudde wenne kann. Hätten d’Martha an Maria eleng seng Presenz gewënscht an him d’Situatioun uvertraut, dann hätten si him spéider keng Virwërf gemaach. Mir wëssen awer, datt den Jesus, éier de Lazarus verstuerwen ass, dësen erëm wollt zum Liewen operstoen loossen. Am Verglach zum Wonsch vum Maria a Martha eppes vill méi Grousses, wéi nëmmen erëm gesond ze maachen, nämlech neit Liewen geschenkt ze kréien vun deem, deen d’Opersteeung an d’Liewen ass.

Léif Schwësteren a Bridder, elo kuerz virun Ouschteren a grad an enger fir äis alleguerten net esou einfacher Zäit, solle mir duerch ee Saz vum Jesus Hoffnung kréien: „Wien u mech gleeft, dee lieft och, nodeems hie gestuerwen ass, a jiddereen, dee lieft an u mech gleeft, dee stierft an all Éiwegkeet net.“ (Joh 11,25b – 27) Duerfir ass eise Glawen ganz wichteg, zemools elo, fir datt den Doud net dat läscht Wuert behält – mee Jesus Christus deen d’Liewen ass –, datt duerch hien alles erléist a gerett gëtt. Gleeft a vertraut op den Här, hie ass bei äis an hien schenkt äis d’Liewen!

Quell: Luxemburger Wort

 
Fehler beim Ausführen squelettes/inc-basdepage.html