lb | fr | pt | en |
D’Hänn vun engem Schräiner
Kommentar zum 14. Sonndeg am Joreskrees vum Martine Regenwetter (05.07.2020)
Wéi ass et iech ergaangen am Confinement ? Vill Leit hu jo trotz Télétravail d’Experienz vun engem „Full Stop“ gemaach : keng Aktivitéiten, kee Gerenns vun engem Termin zum nächsten, keng stonnelaang Deplacementer mat Stau. Mee dofir eng Rou, an der een d’Villercher wéi am Lautsprecher héieren huet, bloen Himmel ouni Kondenzsträifen an all Dag d’Geleeënheet, bësse méi Zäit ze hunn, fir einfach ze sinn.
Och de Psalmist vun haut, zentréiert sech op d’„Sinn“ vu Gott a lueft hien un éischter Stell fir alles wat säi Wiesen ausmécht : „Le Seigneur est tendresse et pitié, lent à la colère et plein d’amour/ La bonté du Seigneur est pour tous, sa tendresse pour toutes ses œuvres“. Aus Gottes Wiesen entspréngt dat wat hie mécht a virun allem, wéi hien et mécht a jidderengem perséinlech begéint.
Dem Jesus säi Wiese war gegrënnt a sengen 2 Pappen : Gott an dem Jouseph. Säi Rouen a Gott huet him et erlaabt, ganz no un de Mënschen ze sinn an si an hiert individuellt Wiese bis op de Grond ze ergrënnen an ze erspieren. Dëst huet Him et méiglech gemaach an deene jeeweilege Kontakter mat leidende Mënsche genau ze wëssen, wat si brauchen, wéi hien si erëm konnt opriichten.
De Jesus war och de Bouf vum Jouseph. De Jouseph huet hien scho viru senger Gebuert ugeholl, hie sot wéi Maria „Jo“ zu Gottes Propose. Hien huet de Jesus erzunn an en duerch säi Wiesen a seng Aart ze si gepräägt. Esou huet hien säin Deel dozou bäigedroen, wéi ee Mënsch de Jesus gouf, wéi e méi grouss war. Hien huet dem Jesus och säi Beruff als Schräiner vermëttelt.
Sou gesinn ech de Jesus viru mir, seng Schräinerhänn, wéi si jidderengem Eenzele vun eis säi Joch zammeren, mam Wëssen ëm jidderee ganz perséinlech, säi Leed, seng Freed, seng Wënsch an dat wat deen Eenzelen am déifste vun sech selwer als Wiesen ass. De Jesus war vu Grond op un d’Léift vu sengem Papp ajustéiert an domat an deem senger Léift zu all Mënsch doheem. Hien huet säi Beruff beherrscht an ech ka mir gutt virstellen, datt een dat Joch, wat an eiser Zäit en negative Bäigeschmaach huet, mee eigentlech jo eng „Drohëllef“ ass, gutt droe kann an et mat Momenter, wéi en uerdentlech ajustéierte Rucksak, guer net méi spiert. E Joch gëtt och ganz oft zu zwee gedroen an ass doduerch manner schwéier. Dat kann eis un d’Geschicht mat de Spueren am Sand erënneren : Gott, wisou war just nach ee Puer Foussofdréck am Sand, wéi et mir esou schlecht gangen ass ? Well ech dech gedroen hunn, mäi Kand, äntwert Gott. Mir dierfen eis, wéi Jesus et am Evangelium seet, zu all Moment voller Zouversiicht a Gottes Äerm geheien a kënnen absolut sécher sinn, datt hien eis opfänkt an eis dréit, wa mir hien dorëms froen. Schonn aleng dat Wësse mécht eis méi staark a kann an all Stuerm an all Leed eng gewësse „paix des profondeurs“ erabréngen, déi et manner onméiglech mécht, et ze erdroen.
Ech wënschen eis all och am Déconfinement genuch Zäit fir ze sinn, eis u Gott ze ajustéieren an esou no an no zu enger „vie selon l’Esprit“ ze fannen, wéi de Paulus schreift, déi eis ëmmer méi u Gottes Léift fir dës Welt deelhuele an dono handele léist.
Quelle : Luxemburger Wort