lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

18. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 12,13-21

13 Ee vun deene ville Leit, déi do waren, huet zum Jesus gesot: "Meeschter, so mengem Brudder, hie soll d’Ierfschaft mat mir deelen!"

14 De Jesus huet him geäntwert: "Mäi léiwe Mann, wien huet mech dann agesat, fir Riichter iwwer iech ze sinn oder fir d’Ierfschaft ënner iech opzedeelen?"

15 Du sot hien zu hinnen: "Passt op an hitt iech virun all Geieregkeet, well och wann e Mënsch am Iwwerfloss huet, hänkt säi Liewen net vun sengem Besëtz of."

16 An de Jesus huet hinnen e Gläichnes erzielt: "Engem räiche Mann seng Stécker hu vill Fruucht gedroen.

17 Duerfir huet hien iwwerluecht an sech gefrot: ’Wat soll ech maachen, well ech hu keng Plaz méi, wou ech meng Fruucht ënnerdaach brénge kann?’

18 Du sot hien sech: ’Esou maachen ech et: Ech rappe meng Scheieren of, an ech baue méi grousser; do bréngen ech dann all mäi Weess an all meng Gidder ënnerdaach,

19 an da soen ech zu mir selwer: Du hues hei vill Gidder leien, fir e sëllege Joren; Rascht elo, iess, drénk a looss dir et gutt goen!’

20 Den Herrgott awer sot zu him: ’Du Eefalt! Nach an dëser Nuecht gëtt deng Séil vun dir zréckgefrot, a wie kritt dann dat, wat s du opgekéipt hues?’

21 Esou geet et deem, dee fir sech selwer Schätz unheeft, amplaz virum Herrgott räich ze ginn."

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html