lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

9. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 2,23-3,6

23 Et huet sech esou fonnt, datt de Jesus op engem Sabbat duerch d’Karstécker gaang ass. Ënnerwee hunn seng Jünger ugefaang, Éien ofzerappen.

24 Du soten d’Pharisäer zu him: "Kuck dach nëmmen, firwat maachen si eppes, wat um Sabbat net erlaabt ass?"

25 Dunn huet hien hinne geäntwert: "Hutt dir nach ni gelies, wat den David gemaach huet, wéi hien näischt hat an hongereg war, hien an déi, déi bei him waren,

26 a wéi hien dunn an dem Herrgott säin Haus gaang ass – et war zur Zäit vum Hohepriister Abjatar – an dat geweitent Brout giess huet, obschonns ausser de Priister keen et huet däerfen iessen, a wéi hien och deenen, déi bei him waren, däers Brout ginn huet?"

27 An de Jesus sot zu hinnen: "De Sabbat ass do fir de Mënsch, an net de Mënsch fir de Sabbat.

28 Duerfir ass de Mënschejong Här a Meeschter och iwwer de Sabbat."

1 Hien ass nees an d’Synagog gaang. Do war e Mann, deen eng verkrëppelt Hand hat.

2 Si hunn de Jesus am A behal an uechtgedoen, ob hien de Mann um Sabbat heele géif, fir datt si hien ukloe kéinten.

3 Du sot hien zu deem Mann mat där verkrëppelter Hand : "Stéi op a stell dech an d’Mëtt!"

4 An zu hinne sot hien: "Ass et erlaabt, um Sabbat Guddes ze doen, oder soll ee Béises maachen? Soll ee Liewe retten oder awer doutmaachen?" Si hu kee Wuert gesot.

5 Hien huet si der Rei no voller Roserei bekuckt a war verdrësserlech wéinst hire verstengerten Häerzer. Du sot hien zum Mann: "Streck deng Hand aus!" De Mann huet se ausgestreckt, an d’Hand war geheelt.

6 Du sinn d’Pharisäer erausgaang, an si hunn sech gläich mat dem Herodes senge Leit doriwwer beroden, wéi si de Jesus ëmbrénge kéinten.

 
YouTube YouTube
SoundCloud SoundCloud
Twitter Twitter
Instagram Instagram
Facebook Facebook
Flickr Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu