lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

30. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 10,46-52

46 Wéi de Jesus mat senge Jünger a villen anere Leit aus Jericho erausgoung, souz dem Timäus säi Jong, de Bartimäus, e blannen Heeschemann, um Wee.

47 Wéi hien héieren huet, datt et de Jesus vun Nazareth war, huet hien ugefaang ze jäizen: "Jesus, Jong vum David, erbaarm dech menger!"

48 Vill hunn der him Virwërf gemaach an him gesot, hie sollt de Mond halen; hien awer huet nach méi haart gejaut: "Jong vum David, erbaarm dech menger!"

49 Dunn ass de Jesus stoe bliwwen a sot: "Rufft hien!" Si hunn dee Blanne geruff a soten zu him: "Hief Kuraasch a stéi op, hie rifft dech!"

50 Dunn huet dee Blannen säi Mantel op d’Säit gehäit, ass opgesprong an ass bei de Jesus komm.

51 De Jesus huet hie gefrot: "Wat soll ech fir dech maachen?" Dee Blanne sot zu him: "Rabbuni, maach, datt ech nees gesinn!"

52 Du sot de Jesus zu him: "Géi, däi Glaf huet dech gerett!" An am selwechten Ament huet hien nees gesinn, an hien ass dem Jesus op sengem Wee nogaang.

 
YouTube YouTube
SoundCloud SoundCloud
Twitter Twitter
Instagram Instagram
Facebook Facebook
Flickr Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu