lb | fr | pt | en |
13. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 5,21-43
21 Nodeems de Jesus nees mam Naachen op déi aner Säit vum Séi vu Galiläa gefuer war, hunn sech ganz vill Leit ëm hie versammelt – hie stoung nach beim Séi.
22 Du koum ee vun de Verantwortleche vun der Synagog, dee Jaïrus geheescht huet. Wéi hien de Jesus gesinn huet, huet hien sech virun him op de Buedem gehäit
23 an sech drugehal mat Biedelen: "Meng kleng Duechter läit um Stierwen – komm dach a lee hir d’Hänn op, fir datt si gerett gëtt an um Liewe bleift!"
24 Dunn ass de Jesus mat him gaang. Ganz vill Leit sinn him nogaang an hunn sech ëm hie gedréckt.
25 Do war och eng Fra, déi zënter zwielef Joer Bluddungen hat.
26 Si hat bei villen Doktere scho vill matgemaach an hiert ganzt Verméigen ausginn, ma et huet näischt eppes gedéngt – am Géigendeel, et ass nëmmen nach méi uerg ginn.
27 Well si vum Jesus héieren hat, ass si an der Wull Leit vun hannen erbäikomm an huet säi Mantel ugepaakt.
28 Si huet sech nämlech gesot: "Wann ech och nëmme säi Mantel upaken, da ginn ech gerett!"
29 Direkt huet d’Blutt opgehal mat Lafen, an si huet gespiert, datt si vun der Krankheet geheelt war.
30 A gradesou direkt huet de Jesus gespiert, datt eng Kraaft vun him ausgaang war, an hien huet sech am Gewulls ëmgedréit a sot: "Wien huet mäi Mantel ugepaakt?"
31 Seng Jünger soten zu him: "Du gesäis dach, wéi all déi Leit sech ëm dech drécken, an du frees nach: ’Wien huet mech ugepaakt?’!"
32 De Jesus huet ronderëm sech gekuckt, fir ze gesinn, wien et war.
33 Du koum d’Fra. Si hat Angscht an huet geziddert, well si wousst, wat mat hir geschitt war. Si ass virun him op d’Knéie gefall an huet him d’ganz Wourecht gesot.
34 De Jesus sot zu hir: "Meng Duechter, däi Glaf huet dech gerett: Géi a Fridden a sief vun denger Krankheet geheelt!"
35 Iwwerdeems hien nach geschwat huet, sinn dem Jaïrus senger Leit komm a soten: "Deng Duechter ass dout – wuerfir soll een de Meeschter elo nach ploen?"
36 De Jesus awer, dee matkrut, wat si soten, sot zu deem Verantwortleche vun der Synagog: "Fäert net, gleef nëmmen!"
37 An hien huet kee matgoe gelooss wéi just de Péitrus, de Jakobus an de Johannes, dem Jakobus säi Brudder.
38 Wéi si bei deem Verantwortleche vun der Synagog säin Haus koumen, huet de Jesus d’Oprou gesinn an d’Fraen, déi gekrasch an haart gejéimert hunn.
39 Hien ass an d’Haus eragaang a sot zu de Leit: "Firwat sidd dir an enger Oprou, a firwat kräischt dir? D’Kand ass net dout, et schléift nëmmen."
40 Dunn hunn si hien ausgelaacht. De Jesus awer huet si all erausgehäit, huet dem Kand säi Papp an seng Mamm an déi dräi Jünger, déi hie bei sech hat, matgeholl an ass duer eragaang, wou d’Kand louch.
41 Iwwerdeems hien dem Kand seng Hand geholl huet, sot hien zu him: "Talitha qum", dat heescht iwwersat: "Meedchen, ech soen dir: Gëff waakreg!"
42 An direkt ass d’Meedchen opgestan an ass doruechter gaang; hatt hat zwielef Joer. Déi, déi derbäi waren, ware komplett ausser sech.
43 Dunn huet de Jesus hinnen ausdrécklech un d’Häerz geluecht, et däerft keen eppes dovu gewuer ginn, an hie sot, si sollten dem Meedchen eppes z’iesse ginn.