lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

1. Faaschtesonndeg B

Mk 1,12-15

12 De Geescht huet de Jesus an d’Wüüst gedriwwen.

13 40 Deeg laang gouf hien do vum Satan op d’Prouf gestallt. Hien huet bei de wëllen Déiere gelieft, an d’Engelen hunn him gedéngt.

14 Nodeems de Johannes ausgeliwwert gi war, ass de Jesus hannescht a Galiläa gaang; do huet hien dem Herrgott säin Evangelium verkënnegt.

15 Hie sot: "D’Zäit ass do, dem Herrgott säi Räich ass um Kommen. Denkt ëm a gleeft un d’Evangelium!"

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html