lb | fr | pt | en |
6. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 5,17-37
17 De Jesus sot zu senge Jünger: "Mengt net, ech wär komm, fir d’Gesetz oder d’Prophéiten ofzeschafen! Ech sinn net komm fir ofzeschafen, ma fir z’erfëllen.
18 Amen, ech soen iech: Bis den Himmel an d’Äerd verginn, vergeet net ee Jota an net een Tëppelche vum Gesetz, éier net alles geschitt ass.
19 Wien also och nëmmen eent vun deene klengste Geboter ofschaaft an d’Leit deemno léiert, dee gëllt herno am Himmelräich als dee Klengsten; wien se awer anhält an d’Leit deemno léiert, dee gëllt herno am Himmelräich als dee Gréissten.
20 Well ech soen iech: Wann är Gerechtegkeet net méi wäit geet wéi de Schrëftgeléierten an de Pharisäer hir, da kommt dir net an d’Himmelräich eran.
21 Dir hutt héieren, datt deene Generatioune virun iech gesot ginn ass: Du solls keen doutmaachen! Wien een doutmécht, dee kënnt op d’Geriicht.
22 Ech awer soen iech: Jiddereen, deen iwwer säi Brudder rosen ass, kënnt op d’Geriicht. A wien zu sengem Brudder seet: ’Du Eefalt!’, dee kënnt virun de Sanhedrin. A wie seet: ’Du Topert!’, dee kënnt an d’Feier vun der Häll.
23 Wann s du also deng Gof op den Altor dréis, fir se z’afferen, an do fällt dir bäi, datt däi Brudder eppes géint dech huet,
24 da looss deng Gof virum Altor leien. Géi fir d’éischt hin, gëff nees gutt mat dengem Brudder, an da komm erëm an affer deng Gof!
25 Kuck fir séier mat dengem Géigner eens ze ginn, soulaang s du nach mat him ënnerwee bass, soss liwwert hien dech un de Riichter aus an dee liwwert dech un de Geriichtsdénger aus, an da gëss du an de Prisong gehäit!
26 Amen, ech soen dir: Do kënns du net eraus, bis du dee leschten Zantimm erëmginn hues.
27 Dir hutt héieren, datt gesot ginn ass: Du solls d’Bestietnes net briechen!
28 Ech awer soen iech: Jiddereen, deen eng Fra begierlech bekuckt, huet an sengem Häerz scho mat hir d’Bestietnes gebrach.
29 Wann awer däi rietst A dech zum Béise verféiert, da rapp et eraus a gehei et ewech! Et ass besser fir dech, datt eent vun denge Glidder zugronn geet, wéi datt däi ganze Läif an d’Häll gehäit gëtt.
30 A wann deng riets Hand dech zum Béise verféiert, dann ha se erof a gehei se ewech! Et ass besser fir dech, datt eent vun denge Glidder zugronn geet, wéi datt däi ganze Läif an d’Häll kënnt.
31 Et ass och gesot ginn: Wien seng Fra entléisst, dee soll hir e Scheedungsbréif ginn!
32 Ech awer soen iech: Jiddereen, deen seng Fra entléisst – ausser am Fall vun onerlaabtem Geschlechtsverkéier –, deet si d’Bestietnes briechen, a wien eng Fra bestit, déi entlooss ginn ass, dee brécht d’Bestietnes.
33 A weider hutt dir héieren, datt deene Generatioune virun iech gesot ginn ass: Du solls kee falschen Eed doen; du solls dem Här géintiwwer deng Eeder halen!
34 Ech awer soen iech: Schwiert iwwerhaapt net – weder beim Himmel, well dat ass dem Herrgott säin Troun,
35 nach bei der Äerd, well dat ass d’Bänkelche fir seng Féiss, nach bei Jerusalem, well dat ass deem grousse Kinnek seng Stad.
36 A schwier och net bei dengem Kapp, well du kanns net een eenzegt Hoer wäiss oder schwaarz maachen.
37 Är Ried soll Jo sinn oder Neen; alles, wat doriwwer erausgeet, kënnt vum Béisen."