lb | fr | pt | en |
5. Ouschtersonndeg A
Joh 14,1-12
1 De Jesus sot zu senge Jünger: "Äert Häerz soll net onroueg sinn! Gleeft un den Herrgott, a gleeft u mech!
2 A mengem Papp sengem Haus si vill Wunnechten. Wann dat net esou wär, hätt ech iech da gesot, datt ech iech eng Plaz virbereede ginn?
3 Wann ech higaang sinn an iech eng Plaz virbereet hunn, da kommen ech zréck an huelen iech bei mech, fir datt och dir do sidd, wou ech sinn.
4 Dir kennt de Wee dohinner, wuer ech higinn.”
5 Den Thomas sot zu him: "Här, mir wëssen net, wuer s du higees. Wéi solle mir dann de Wee dohinner kennen?”
6 De Jesus huet him geäntwert: "Ech sinn de Wee, d’Wourecht an d’Liewen. Et kënnt kee bei de Papp, ’t sief dann duerch mech.
7 Wann dir mech erkenne géift, da géift dir och mäi Papp erkennen. Elo schonns kennt dir hien an dir hutt hie gesinn.”
8 De Philippus sot zu him: "Här, weis äis de Papp, dat geet äis duer!”
9 De Jesus huet him geäntwert: "Esou laang scho sinn ech bei iech, an du hues mech net erkannt, Philippus? Wie mech gesinn huet, huet de Papp gesinn. Wéi kanns du soen: ’Weis äis de Papp!’?
10 Gleefs du net, datt ech am Papp sinn an datt de Papp a mir ass? Déi Wierder, déi ech iech soen, soen ech net vu mir aus, ma de Papp, deen a mir bleift, mécht seng Wierker.
11 Gleeft mir, datt ech am Papp sinn an datt de Papp a mir ass! Wann net, da gleeft op d’mannst wéinst de Wierker!
12 Amen, amen, ech soen iech: Wien u mech gleeft, dee mécht selwer och déi Wierker, déi ech maachen, an hie mécht der esouguer, déi nach méi grouss sinn ewéi meng, well ech gi bei de Papp."