lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

4. Ouschtersonndeg A

Joh 10,1-10

1 De Jesus sot: "Amen, amen, ech soen iech: Deejéinegen, deen net duerch d’Dier an de Schof hire Stall erageet, ma anerwäerts eraklëmmt, deen ass en Déif an e Raiber.

2 Deejéinegen awer, deen duerch d’Dier erageet, deen ass den Hiert vun de Schof.

3 Him mécht de Wiechter d’Dier op, an d’Schof lauschteren op seng Stëmm. Hie rifft déi Schof, déi him gehéieren, mam Numm a féiert se eraus.

4 Wann hien all déi, déi him gehéieren, erausgedriwwen huet, da geet hie virun hinnen hier, an seng Schof ginn him no, well se seng Stëmm kennen.

5 Engem Friemen awer ginn se kees no, ma se lafe virun him fort, well se deene Friemen hir Stëmm net kennen."

6 Dës Geschicht huet de Jesus hinne verzielt, si awer hunn net verstan, wat hien hinnen domat soe wollt.

7 Du sot de Jesus op en Neis: "Amen, amen, ech soen iech: Ech sinn d’Dier fir bei d’Schof.

8 All déi, déi viru mir komm sinn, sinn Déif a Raiber, ma d’Schof hunn net op si gelauschtert.

9 Ech sinn d’Dier: Wien och ëmmer duerch mech erageet, dee gëtt gerett; hie geet dann an an aus a fënnt eng Weed.

10 Den Déif kënnt nëmme just fir ze klauen, fir doutzemaachen a fir verluer goen ze loossen. Ech awer si komm, fir datt se d’Liewen hunn an et am Iwwerfloss hunn."

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html