lb | fr | pt | en |
28. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 22,1-14
1 De Jesus huet den Hohepriister an deenen Eelste vum Vollek dat heite Gläichnes erzielt:
2 "D’Himmelräich ass ze vergläiche mat engem Kinnek, deen alles fir sengem Jong seng Hochzäitsfeier an d’Rei gemaach huet.
3 Hien huet seng Kniecht erausgeschéckt, fir d’Gäscht op d’Hochzäit ze ruffen, ma d’Gäscht wollten net kommen.
4 Nach eng Kéier huet hie Kniecht dohi geschéckt an hinne gesot: ’Sot de Leit, déi geruff sinn: Kuckt, ech hunn d’Iesse virbereet, meng Ochsen a meng Maschtdéiere si geschluecht, an alles ass prett; kommt op d’Hochzäit!’
5 Verschiddener hunn net dorop reagéiert a sinn hirer Wee gaang, sief et op hiert Feld, sief et an hire Buttek;
6 anerer hunn seng Kniecht geholl, si gepéngegt an si doutgemaach.
7 Dueropshin ass de Kinnek rose ginn, hien huet seng Arméie geschéckt, huet déi Mäerder ëmbruecht an hir Stad a Brand gestach.
8 Du sot hien zu senge Kniecht: ’Et ass zwar alles prett fir d’Hochzäit, ma déi Leit, déi geruff waren, waren es net wäert.
9 Gitt duerfir eraus op d’Landstroossen a rufft jiddereen, deen dir fannt, op d’Hochzäit!’
10 D’Kniecht sinn eraus op d’Landstroosse gaang, an si hunn all déi zesummebruecht, déi si fonnt hunn, Béiser a Gudder, an d’Plazen um Hochzäitsdësch sinn all besat ginn.
11 Wéi de Kinnek eragaang ass, fir sech d’Leit um Dësch unzekucken, huet hien do e Mann gesinn, deen net fir op eng Hochzäit gekleet war,
12 an hie sot zu him: ’Frënd, wéi bass du hei erakomm, ouni fir op eng Hochzäit gekleet ze sinn?’ De Mann awer huet de Mond net opgedoen.
13 Dunn huet de Kinnek zu den Dénger gesot: ’Bannt him Hänn a Féiss a geheit hien eraus, an d’Däischtert! Do gëtt gejéimert a mat den Zänn gegrätscht.’
14 Well vill sinn der geruff, ma wéineg sinn der auserwielt."