lb | fr | pt | en |
22. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 16,21-27
21 De Jesus huet ugefaang, senge Jünger kloerzemaachen, datt hie fortgoe misst op Jerusalem, datt hie wéinst deenen Eelsten, den Hohepriister an de Schrëftgeléierte villes erleide misst, datt hien doutgemaach an deen drëtten Dag aus dem Doud erwächt gi misst.
22 Dunn huet de Péitrus hien op d’Säit geholl an huet ugefaang, him Virwërf ze maachen. Hie sot: "Gott behitt dech, Här! Op kee Fall soll dir dat geschéien!"
23 De Jesus huet sech ëmgedréit a sot zum Péitrus: "Fort mat dir, Satan, hanner mech! Du dees mech gär falen, well s du net dat am Sënn hues, wat den Herrgott wëllt, ma dat, wat d’Mënsche wëllen."
24 Dueropshi sot de Jesus zu senge Jünger: "Wann ee mir nokomme wëllt, da soll deen sech selwer verleegnen, hie soll säi Kräiz op sech huelen a mir nokommen!
25 Well deen, deen säi Liewe rette wëllt, dee verléiert et; wien awer wéinst menger säi Liewe verléiert, dee fënnt et.
26 Wat déngt et e Mënsch, wann hien d’ganz Welt gewënnt, ma dobäi säi Liewe verléiert? Oder wat kann e Mënsch an d’Plaz vun sengem Liewe ginn?
27 De Mënschejong kënnt an der Herrlechkeet vun sengem Papp mat sengen Engelen, an da gëtt hie jidderengem de Loun fir dat, wat hie gemaach huet."