lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

21. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 16,13-20

13 Wéi de Jesus an d’Géigend vun Cäsarea Philippi koum, huet hien seng Jünger gefrot: "Fir wien halen d’Leit de Mënschejong?"

14 Si soten: "Déi eng fir de Johannes den Deefer, anerer fir den Elias, nees anerer fir de Jeremias oder soss ee vun de Prophéiten."

15 Hie sot zu hinnen: "An dir, fir wien haalt dir mech?"

16 De Simon Péitrus huet geäntwert: "Du bass de Christus, de Jong vum liewege Gott!"

17 Dueropshi sot de Jesus zu him: "Glécklech bass du, Simon, Jong vum Jonas, well net Fleesch a Blutt hunn dir dëst geoffenbaart, ma mäi Papp am Himmel.

18 An ech soen dir: Du bass de Péitrus, an op dëse Fiels bauen ech meng Kierch, an d’Paarte vun der Ënnerwelt ginn se net Meeschter!

19 Ech ginn dir d’Schlëssele vum Himmelräich; dat, wat s du op der Äerd matenee verbënns, ass och am Himmel matenee verbonnen, an dat, wat s du op der Äerd vunenee lassléis, ass och am Himmel vunenee lassgeléist."

20 Dunn huet hien de Jünger den Uerder ginn, kengem ze soen, datt hien de Christus wär.

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html