lb | fr | pt | en |
11. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 9,36-10,8
36 Wéi de Jesus déi vill Leit gesinn huet, huet et him am Häerz wéigedoen, well si waren um Enn, an si waren doruechter verspreet wéi Schof, déi keen Hiert hunn.
37 Du sot hien zu senge Jünger: "D’Rekolt ass grouss, ma d’Aarbechter sinn net zu dacks.
38 Biet duerfir den Här, datt hien Aarbechter an seng Rekolt erausschéckt!"
1 An hien huet seng zwielef Jünger bei sech geruff an hinne Muecht iwwer onreng Geeschter ginn, esou datt si se ausdreiwen an all Krankheet an all Gebriechen heele konnten.
2 Deenen zwielef Apostelen hir Nimm sinn déi heiten: fir d’éischt de Simon, dee Péitrus genannt gouf, an den Andreas, säi Brudder; de Jakobus, dem Zebedäus säi Jong, an de Johannes, säi Brudder;
3 de Philippus an de Bartholomäus; den Thomas an de Matthäus, de Steierandreiwer; de Jakobus, dem Alphäus säi Jong, an den Thaddäus;
4 de Simon, de Kananäer, an de Judas Iskarioth, deen de Jesus verroden huet.
5 Dës Zwielef huet de Jesus erausgeschéckt, an hien huet hinnen den Uerder ginn: "Gitt net op de Wee vun den Heeden, a gitt net an eng vun de Samariter hire Stied eran,
6 ma gitt villméi bei déi verluere Schof aus dem Haus Israel!
7 Verkënnegt ënnerwee: ’D’Himmelräich ass um Kommen!’
8 Heelt Kranker, erwächt Doudeger, rengegt Aussätzeger, dreift Dämonen aus! Fir näischt hutt dir kritt, fir näischt sollt dir ginn!"