lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

10. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 9,9-13

9 Där Deeg een huet de Jesus e Mann, dee Matthäus geheescht huet, beim Oktroishaische sëtze gesinn, an hie sot zu him: "Komm mir no!" Dunn ass de Mann opgestan an ass him nogaang.

10 A wéi de Jesus am Haus bei Dësch war, kuck, du si vill Steierandreiwer a Sënner komm an hunn sech mat him an senge Jünger un den Dësch gesat.

11 D’Pharisäer, déi dat gesinn hunn, soten zu de Jünger: "Firwat ësst äre Meeschter mat de Steierandreiwer an de Sënner?"

12 De Jesus awer huet et héieren a sot: "Et sinn net déi Gesond, déi en Dokter brauchen, ma déi Krank.

13 Dir awer gitt a léiert, wat et heescht: Baarmhäerzegkeet wëll ech, an net Affer! Ech sinn nämlech net komm, fir déi Gerecht ze ruffen, ma d’Sënner."

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html