A chrëschtlecher Hoffnung
Gebieder, Iwwerleeungen, Texter a Biller zu Allerhellgen an Allerséilen
Si sinn eng Stäip fir dech…
Si sinn eng Stäip fir dech,
deng Elteren,
déi dech ëmsuergt, behitt a begleet hunn,
däi Mann, deng Fra, däi Partner,
déi der Léift e Gesiicht ginn hunn,
deng Kanner,
an deenen s de dech erëm fonnt hues.
Si sinn eng Stäip fir dech,
déi Frënn,
ob déi s du ëmmer ziele konns,
déi Léierpersounen,
déi der méi matginn hunn, ewéi „Bicherwëssen“,
déi Geeschtlech an Uerdensleit,
déi de Mënsch virun d’Geboter gestallt hunn.
Si sinn eng Stäip fir dech,
déi Mënschen,
déi der eppes ze soen haten,
déi Perséinlechkeeten,
déi Spueren hannerlooss hunn,
déi modern Helleg,
déi d’Gesicht vun der Welt verännert hunn.
Si sinn eng Stäip fir dech,
si hunn dir Halt ginn,
fir datt s de Halt hues an Halt gi kanns.
Si verdingen e Merci
iwwer d’Graf eraus.
Monique Hermes
’t ass elo Zäit…
wann d’Blieder falen, an d’Blummen traueren,
wann den Niwwel et schwéier huet,
fir sech ze verzéien
an där blatzeger Hierschtsonn Plaz ze maachen,
wann d’Natur sech op de Wanter virbereet,
da weess de:
’t ass elo Zäit...
’t ass elo Zäit, fir och zu Rou ze kommen,
fir der eng Rascht ze gënnen
fir Raum ze schafen a fir ze sënneren –
Wichteges a manner Wichteges,
Grousses a Klenges,
Schéines an Traureges,
Neies an Ales...
’t ass elo Zäit, fir dech z’erënneren:
u si, déi virun dir do waren,
déi – wéi s du – gelieft,
gebaangt a gehofft hunn,
voll Suerg a Léift.
U si, déi grad op esou Deeg
erëm lieweg ginn.
’t ass elo Zäit, fir dankbar ze sinn
fir dat, wat si fir dech waren:
deng Mamm, däi Papp,
däi Mann, deng Fra,
däi Kand, deng Frënn...
…all déi, déi dech eng Zäitlaang
op dengem Wee begleet hunn.
Si, déi Erfëllung fonnt hunn,
si, déi elo rouen a Fridden,
bleiwe lieweg an dengem Häerz.
Si sinn déi Wuerzelen,
ouni déi et keen Haut
a kee Muer gëtt.
’t ass elo Zäit, fir si ze éieren…
Monique Hermes