| lb | fr | pt | en |
Fir eng synodal Kierch: Gemeinschaft, Participatioun a Missioun
Invitatioun fir de Lancement vun der diözesaner Phas vun der Bëschofssynod iwwer d’Synodalitéit de 17. Oktober 2021 an der Kathedral vu Lëtzebuerg
Op Initiativ vum Poopst Franziskus gëtt d’Bëschofssynod iwwer d’Synodalitéit, déi ënnert dem Thema “Fir eng synodal Kierch: Gemeinschaft, Participatioun a Missioun” steet [1], e Sonndeg, de 17. Oktober 2021, an de Lokalkierchen uechter d’Welt lancéiert, dëst eng Woch nom offiziellen Optakt zu Roum. An dëser éischter, diözesaner Phas, déi sech bis Abrëll 2022 hinzitt, soll op d’Vollek Gottes gelauschtert ginn an seng Uleies an Impulser fir d’Kierch vu muer an de weidere synodale Prozess mat afléissen.
Hei zu Lëtzebuerg leede mir déi diözesan Etapp vun der Synod mat enger feierlecher Pontifikalmass e Sonndeg, de 17. Oktober, um 16 Auer an der Kathedral an, zu där de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, Iech all ganz häerzlech invitéiert. An dësem Gottesdéngscht gëtt och un d’Konsekratioun vun der fréierer Jesuitekierch an der Stad an haiteger Kathedral viru genee 400 Joer erënnert. D’Priedegt gëtt gehale vum Josy Birsens sj., Auxiliaire vum Provinziol vun der franséischsproocheger Provënz Westeuropa vum Jesuitenuerden.
Confirméiert wgl. Är Presenz bis den 8. Oktober 2021 am Sekretariat vum Äerzbistum (Mail: events@cathol.lu; Tel. 462023 tëscht 9 an 12 Auer).
Wéinst de sanitäre Mesuren ass d’Zuel vun de Plazen an der Kathedral op 300 limitéiert. Denkt wgl. un Är Mask.
Den Accès an d’Kathedral ass iwwer d’Entrée an der Ënneschtgaass (rue Notre-Dame).
Dir kënnt dëse Gottesdéngscht och am Livestream aus der Kathedral suivéieren...
- Kierchenaustrëtt . Défection
- Spezifesch Pastoral . Pastorale spécialisée
- Weltwäit Gebietsnetz vum Poopst . Réseau Mondial de Prière du Pape
- Texter a Kommentaren . Textes et commentaires
- Begriefnespastoral . Pastorale des funérailles
- Perguntas Frequentes (FAQ)
- Heefeg gestallte Froen (FAQ)
- Frequently Asked Questions (FAQ)
- Foire aux questions (FAQ)
- Synod 2021-2024 . Material / Matériel
- La synodalité selon le Pape François
- Prag: 600 Teilnehmende am europäischen Treffen der Synode
- Synode 2021-2023 : Lancement au Luxembourg
- Synodalität international
- Seine Eminenz Jean-Claude Hollerich SJ zum Generalberichterstatter für die Generalversammlung der Bischofssynode ernannt


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr