lb | fr | pt | en |
Tëleesmass
Live a Replay vun der Sonndesmass
Aus „Radiosmass“ gouf „Tëleesmass“
Vum 1. Oktavsonndeg 2021 u gouf aus der „Radiosmass“ definitiv eng „Tëleesmass“ an um Fernsehkanal RTL Zwee esou wéi och um apartTV ausgestraalt. Dat dierft vill Leit freeën, déi sech Sonndeg fir Sonndeg aschalten.
Dëst bréngt och méi Käschte mat sech. Wann déi generéis Donateure vun der „Radiosmass“ sech och ginge fir d’„Tëleesmass“ engagéieren, da kënnten all d‘Notznéisser vun deër neier Entwécklung hinnen dankbar sinn.
Live & Replay
Hei leeft sonndes moies vun 9.00 bis 10.00 Auer d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass, all Kéiers aus enger anerer Kierch. Am Replay kënnt Dir d’Massen, déi eriwwer sinn nach eng Kéier kucken a lauschteren. Wielt an der Lëscht ënnen den Datum a klickt dann op déi Zeil.
Kontakt
Dir wëllt eis kontaktéieren wéinst enger Fro zur Tëleesmass oder d’CD vun der Mass ufroen?
Kontakt: Service Communication et Presse, Tel. 44743-401, teleesmass@cathol.lu
Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung!
Säit Januar 2017 finanzéiert de Bistum d’Opnahm an zum gudden Deel och d’Iwwerdroe vun de Massen fir den Internet, apartTV an RTL selwer. D’Fondation Sainte Irmine ënnerstëtzt dëse Projet, dee sech u Mënsche riicht, déi aus Gesondheets- oder anere Grënn net an d’Kierch goe kënnen, a fir déi d’Deelhuele via d’Medien dann déi eenzeg Méiglechkeet ass.
Hëlleft mat, a maacht en Don online oder spent op de Konto vun der Fondation Sainte Irmine LU64 1111 7017 0305 0000 mam Stéchwuert "Tëleesmass".
Är Spend ka vun de Steieren ofgesat ginn. Villmools Merci!
D’Iwwerdroung vun der Sonndesmass a Bild an Toun ass nëmmen do méiglech, wou d’Technik bannent de Kierchen et eis erlaabt. Falls dir eng Live-Iwwerdroung suivéiert, déi kee Bild oder evtl. Stéierungen huet, wëlle mir eis am Virfeld dofir entschëllegen a bieden ëm äert Versteesdemech.
Nodréiglech kënnt dir d’Sonndesmass an der Widderhuelung um apartTV, op RTL ZWEE oder am Replay op cathol.lu suivéieren.
- Spezifesch Pastoral . Pastorale spécialisée
- Weltwäit Gebietsnetz vum Poopst . Réseau Mondial de Prière du Pape
- Texter a Kommentaren . Textes et commentaires
- Synod 2021-2024
- Laudate Deum
- Foire aux questions (FAQ)
- Heefeg gestallte Froen (FAQ)
- Frequently Asked Questions (FAQ)
- Perguntas Frequentes (FAQ)

D’Bibel op Lëtzebuergesch
Déi véier Evangelien
Aner Sonndesmassen op der Tëlee:
- Radio Latina, 9h (Radiosmass aus der Kierch zu Bouneweg) (pt)
- ZDF, 9h30 (abwechselnd katholischer und evangelischer Gottesdienst) (de)
- BibelTV, 10h (de)
- RAI Uno, 10h55 (Santa messa) (it)
- France 2, 11h (Jour du Seigneur) (fr)
- RTPI-1, 11h30 (Eucaristia domenical) (pt)
- KTO, 18h30 (fr)
- RTBF Auvio, 11h (Livestream) (Cultes catholiques) (fr)
Deeglech Massen:
- BibelTV, Wiertes um 8h (Kölner Doum) (de)
- KTO, Wiertes um 18h15 (fr)