lb | fr | pt | en |
Um Schlusssonndeg vun der Oktav gouf d’Mass aus der Kathedral iwwerdroen
Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 9. Mee, dem Schlusssonndeg vun der Oktav, aus der Kathedral iwwerdroen. D’Mass gouf als Tëleesmass iwwer .doc TV an iwwer RTL ZWEE gewisen.
Den "Ensemble vocal de la Maîtrise" huet ënnert der Leedung vum Marc Dostert gesong, mam Paul Breisch op der klassescher Uergel, dem Gilles Leyers um Positiv, dem Marc Bauler um Konterbass an dem Luc Nilles als Kantor.
D’Mass aus der Kathedral Notre-Dame
De Schlusssonndeg vun der Oktav ass ëmmer e besonnesche Moment. Am Kader vun der feierlecher Mass erneiert a bekräftegt de Bëschof vu Lëtzebuerg d’Erwielung vun der Tréischterin als Schutzpatréinesch vu Stad a Land.
Och dëst Joer schléisst d’Oktav mat dësem Moment of, och wann et keng Schlussprozessioun gëtt.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Prélude iwwer Ave spes nostra | P. Breisch |
---|---|---|
Agangslidd | Ave spes nostra - Lauda Jerusalem | Chant grégorien / R. Pochelet |
Kyrie | Messe brève | Th. Dubois |
Gloria | Messe brève | Th. Dubois |
No der Lesung | Selig das Volk | R. Ponchelet |
Alleluia | Alléluia | Mag. 530,7 / J.-P. Majerus |
Nom Votum solemne | Jungfrau Mutter heut aufs neu | Mag. 884,4 |
Credo | gëtt gebied | |
Gowelidd | Maria Mater Jesu | J.-P. Majerus |
Sanctus | IX | Chant grégorien |
Agnus Dei | Messe brève | Th. Dubois |
Kommioun | O salutaris hostia | Th. Dubois |
No der Kommioun | Den Herrn will ich loben | Mag. 261 / arr. C. Mawby |
Schlusslidd | O Mamm, léif Mamm | Mag. 892 |
Sortie | Präludium & Fug a ré majeur | J. S. Bach |
Et séngt den ’Ensemble vocal de la Maîtrise’
Direktioun: Marc Dostert
Kantor: Luc Nilles
Klassesch Uergel: Paul Breisch
Uergelpositiv: Gilles Leyers
Konterbass: Marc Bauler