lb fr pt en
Sonndesmass  
10. März 2022

Um 2. Faaschtesonndeg gouf d’Mass vun Habscht iwwerdroen

D’Sonndesmass vum 13. Mäerz gëtt vun Habscht iwwerdroen. Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht. Op der Uergel spillt de Carlo Philippe. Kantor ass den Änder Wio. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass vun Habscht

Op dësem 2. Sonndeg vun der Faaschtenzäit feiere mer d’Tëleesmass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht.

Den zweete Faaschtesonndeg huet och nach d’Bezeechnung ’Reminiscere’ [Reminiscere miserationum tuarum = „Denk an dein Erbarmen, Herr“ (Ps 25,6)]

Den Organist vun dësem Sonndeg ass de Carlo Philippe. Hien ass bestuet a wunnt zu Iewerleng. En ass zënter 34 Joer Organist an der Gemeng Useldéng a säit 10 Joer Organist an der Gemeng Réiden/Atert. Doriwwer eraus hëlleft hien awer och als Organist aus, wou e gebraucht gëtt. De Carlo Philippe war Schüler vum fréieren Doumorganist Professer Carlo Hommel a vum Professer Maurice Clement.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Präludium in C F. Mendelssohn Bartholdy
Kyrie Herr Jesus, du Sohn des lebendigen Gottes Mag 495/4
Gloria - -
No der Liesung Selig, die bei dir wohnen Herr LD 148
Alleluia -
Credo gebiet
Offertoire Orgel-Choral "Jesu, meines Lebens Leben" Johann Ludwig Krebs
Sanctus Elévation Nr.32 zum Sanctus aus Messe XVII
Sanctus LD 342
Anamnes Geheimnis des Glaubens LD 262
Agnus Dei Orgel-Choral "Christe, du Lamm Gottes" BWV 619 J.S. Bach
Agnus Dei gebied
Kommioun Orgel-Choral "O Mensch, bewein dein Sünde" BWV 622 J.S. Bach
Schlusslidd Du bass eis Hoffnung LD 521
Sortie Orgel-Choral "Wir danken dir, Herr Jesu Christ" BuxWV 224 D. Buxtehude

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html