| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass um Päischtsonndeg gouf vun Hueschtert iwwerdroen
De 19. Mee gouf d’Houmass vun Hueschtert iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Hueschtert huet ënnert der Direktioun vum Jean Schumacher gesong, op der Uergel begleet vum Stefan Dorneanu. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile Hueschtert
D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert huet 2023/24 hier 150 Joër gefeiert.
Héichpunkte vum Veräin sinn zwee Concerts spirituels, wou den Erléis fir e gutt Wierk gespent gëtt, a feierlech Massen zu den Festdeeg. Mir sangen awer och Begriewnessmassen souwéi Hochzäitsmassen, Sonndesmass a Wuertgottesdéngschter.
Haut besteet d’Chorale aus 30 aktive Memberen : 21 Dammen a 9 Hären.
Dirigent ass de Jean Schumacher – Presidentin d’Juliette Beffort – Organist de Stefan Dorneanu.
Eis Prouwe si Mëttwochs vun 20.00 – 22.00 Auer an eisem Proufsall 6, rue Principale zu Hueschtert.
De musikalesche Programm vun der Mass
| Uergel: Entrée | Komm Gott, Schöpfer, heiliger Geist | Johann Sebastian Bach |
|---|---|---|
| Agangslidd | Tout l’univers est plein de Magnificence | Johann Abraham Peter Schutz |
| Kyrie | Missa A3 | Johann Wenzel Kalliwoda |
| Gloria | Missa A3 | Johann Wenzel Kalliwoda |
| Tëschegesank | L’Esprit de Dieu | Lucien Deiss |
| Alleluja | Alleluja | Jacques Berthier |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Tollite Hostias | Camille Saint-Saëns |
| Sanctus | Aus der zweiten Caecilienmesse | Josef Gruber |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Missa A3 | Johann Wenzel Kalliwoda |
| Kommiounslidd | Ave verum | Edward Elgar |
| Schlusslidd | Komm Schöpfer Geist | |
| Uergel: Sortie | Marcietta | Théodore Dubois |




YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr