lb fr pt en
Sonndesmass  
8. Mee 2024

D’Sonndesmass um 7. Sonndeg an der Ouschterzäit gouf vun Uespelt iwwerdroen

Den 12. Mee gouf d’Houmass vun Uespelt iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Aspelt an d’Chorale Sainte-Cécile Hellange hunn ënnert der Direktioun vum Bernadette Kayser-Waldbillig gesong, op der Uergel begleet vum Sylvain an Alain Besch. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl..

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile Uespelt an d’Chorale Sainte-Cécile Hellange

D‘Chorale Sainte-Cécile vun Uespelt an d‘Chorale Sainte-Cécile vun Helleng hunn sech virun en etlech Joren zesumme gedoen fir ze sangen.
Haut prouwen a sange mir zesummen zu 25 Sängerinnen a Sänger ënnert der Direktion vum Bernadette Kayser-Waldbillig a mir gi begleet vum Sylvain a vum Alain Besch op der Uergel oder um Piano. Mir sange weltlech a réligiéis Concert’en an Déngschter a verschéineren d‘Festivitéiten an der Fréisenger Gemeng mat eisem Gesank.
Hutt Dir Freed um Chouergesank, da kommt bei eis! Eis Prouwen si Méindesowes vun 20 bis 22 Auer am Proufsall an der Annexe vum Uespelter Schlass. Nei Sängerinnen a Sänger si jidderzäit wëllkomm!

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée
Agangslidd Aufgefahren in den Himmel Klaus Heizmann/ Johannes Jourdan
Kyrie Dreistimmige Messe op. 295 Nr. 6 Robert Führer
Gloria Dreistimmige Messe op. 295 Nr. 6 Robert Führer
Tëschegesank Laudate Dominum Jacques Berthier
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Pain rompu Noël Colombier
Sanctus I Dreistimmige Messe op. 295 Nr. 6 Robert Führer
Anamnes Christ est venu LD 265
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Dreistimmige Messe op. 295 Nr. 6 Robert Führer
Kommiounslidd Komm, Heiliger Geist Komp. onbekannt/Friesen/Jourdan
Schlusslidd I have a dream Mary Donnelly
Uergel: Sortie

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html