| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass um 15. Sonndeg am Joreskrees gouf aus dem Klouschter Peppeng iwwerdroen
De 14. Juli gouf d’Houmass aus dem Klouschter Peppeng iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Réiser-Krautem huet ënnert der Direktioun vum Sylvie Serra gesong, begleet op der Uergel vum Marc Loewen an um Saxophon vum Lynn Gloden. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Stainte-Cécile Réiser-Krautem
D’Chorale Ste-Cécile Réiser-Krautem ass 1902 als Männerchouer gegrënnt ginn. Am Joer 1969 ass doraus e gemëschte Chouer entstanen. D’Chorale ass bei alle kierchlechen a weltleche Manifestatiounen am Réiserbann derbäi a bestëmmt esou dat kulturellt Liewe mat.
Aktuell sinn et 18 Dammen an 3 Hären, déi ënnert der Leedung vun eiser kompetenter an dynamescher Dirigentin, der Mme Sylvie Serra-Jacobs, feierlech Massen a weltlech Concerten net nëmmen am Réiserbann, mee uechter d’ganzt Land sangen.
Eis Prouwe sinn ëmmer Dënschdes vun 19:30 bis 21:30 Auer zu Réiser, an ab dësem Hierscht am neie Veräinssall. Jiddereen, dee Freed um Sangen huet, ass bei eis häerzlech wëllkomm.
De musikalesche Programm vun der Mass
| Entrée (Uergel+Saxophon) | Where’er you walk | G.F. Händel |
|---|---|---|
| Agangslidd | Jubilate Deo | Jon Paige |
| Kyrie | Jerry Estes | |
| Gloria | Gloria in excelsis Deo | Teresa O’Connell |
| Alleluja | Alléluia irlandais | LD 206 |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Cantate Domino | Jerry Estes |
| Sanctus | Johann Wenzel Kalliwoda | |
| Vater unser | Notre Père | Sylvie Serra |
| Agnus Dei | Agneau de Dieu | Sylvie Serra |
| Kommioun | Ubi caritas et amor | Sylvie Serra |
| Schlusslidd | Un cri de joie : Magnificat | Gaëtan de Courrèges |
| Sortie (Uergel) | Sonata I 1er mouvement « Invention » | D. Bédard |



