lb fr pt en
Sonndesmass  
4. Juli 2024

D’Sonndesmass um 14. Sonndeg am Joreskrees gouf vun der Foire Agricole iwwerdroen

De 7. Juli gouf d’Houmass vun Ettelbréck vun der Foire Agricole iwwerdroen. D’Feierowendsänger Colmer-Bierg hunn ënnert der Direktioun vum Ronny Mergen gesongen, begleed um Piano vum Daniel Mujzer. Solistinne waren Nicky a Rachel Becker. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

Den Ensemble vocal "d’Feierowendsänger" Colmer-Bierg

Den Ensemble vocal "d’Feierowendsänger" ass een dräistëmmegen Dammechouer mat haaptsächlech weltlechem, awer och kierchlechem Repertoire. Mir setzen op zäitgeméiss Arrangementer an ee breet gefächerte Repertoire. De Spaass um Zesumme-Sangen ass eis wichteg, genee ewéi eng gutt Ambiance.
Am Joer 2023 konnte mir eisen 10. Anniversaire feieren.
Mir prouwen zweemol de Mount, méindes um 19.30 Auer. D’Direktioun läit an den Hänn vum Ronny Mergen.

Nei Sängerinne si jidderzäit wëllkomm. Kontakt: feierowendsaenger@gmail.com

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Piano) Voluntary in G J. Stanley
Agangslidd Oh Happy Day! (from Sister Act) E.R. Hawkins / arr. R. Emerson
Kyrie Missa 4 You(th) T. Baumann
Gloria Gloire à Dieu LD 143
Alleluja Hallelujah (from the Motion Picture Shrek) L. Cohen / arr. R. Emerson
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Come, Thou Fount of Every Blessing R. Robinson / J. Wyeth
Sanctus Missa 4 You(th) T. Baumann
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Missa 4 You(th) T. Baumann
Kommioun (Piano) Interlude C. Franck
Schlusslidd United Pinkzebra
Sortie (Piano) Prélude J.S. Bach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
YouTube YouTube
SoundCloud SoundCloud
Twitter Twitter
Instagram Instagram
Facebook Facebook
Flickr Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu