| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass um 13. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Éinen iwwerdroen
Den 30. Juni gouf d’Houmass vun Éinen iwwerdroen. Den Ensemble vocal Sainte-Cécile Ehnen huet gesong an d’Museker vum Lëtzebuerger Kammerochester (OCL) gespillt. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
Den Ensemble vocal Sainte-Cécile Éinen
Den Ensemble vocal Sainte Cécile Einen féiert a solistescher Besetzung déi laang Traditioun vun der Chorale Ste Cécile Ehnen weider, déi 1852 als eelsten Duerfveräin gegrënnt gouf.
D’Sänger setzen sech fir de Musel-Répertoire an, z. B. mat hirer CD „Léiderschall am Museldall“, si organiséiere klassesch Concerten doheem an am Ausland, si encadréiere kulturell Manifestatiounen. Säit e puer Joren sangen si d’Radios-/Tëleesmass an der ronner Kierch zu Éinen.
Déi Mass vun dësem Joer, bei däer Museker vum Lëtzebuerger Kammerorchester OCL matwierken, erënnert un de 50. Anniversaire vum Ensemble „Les jeunes musiciens“ /OCL, déi hei an der Kiirch vun Éinen op Christi Himmelfahrt 1974 hiren éischte Concert gespillt hunn.
De musikalesche Programm vun der Mass
| Entrée | Lobe den Herren BWV 137 | J. S. Bach |
|---|---|---|
| Kyrie | Missa brevis B-Dur KV 275 „Loreto-Messe“ | W. A. Mozart |
| Gloria | Missa brevis B-Dur KV 275 | W. A. Mozart |
| Alleluja | Alleluja KV 165 | W. A. Mozart |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Kierchesonat KV 274 | W. A. Mozart |
| Sanctus | Missa brevis B-Dur KV 275 | W. A. Mozart |
| Anamnes | Lacrimosa /Requiem KV 626 | W. A. Mozart |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Missa brevis B-Dur KV 275 | W. A. Mozart |
| Kommioun | Aria vun der Suite en Ré BWV 1068 | J. S. Bach |
| Sortie | Verleih uns Frieden gnädiglich | F. Mendelssohn |
- D’Sonndesmass op Ouschtersonndeg gouf vu Gréiwemaacher iwwerdroen
- D’Mass um 21. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Beeler iwwerdroen
- D’Mass vum 12. Dezember gouf vu Chrëstnech iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun der Giischterklaus iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf um éischten Oktavsonndeg aus der Kathedral iwwerdroen




YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr