lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass um 10. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Mäertert iwwerdroen
De 9. Juni gouf d’Houmass vu Mäertert iwwerdroen. D’Chorale Mixte Mertert huet ënnert der Direktioun vum Albena Petrovic gesong, op der Uergel begleet vum Emile Hau. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Mixte Mertert
De Gesangveräin « Chorale Mixte Ste Cécile Mertert » ass den 11.September 1970 gegrënnt ginn, wéi den « Cäcilienveräin » an de Kierchechouer, allen zwee Männerchéier, fusionéiert hun.
Wor de Gesang bis dato de Männer virbehale, sou konnten vun elo un och Fraen dem nei gegrënnte Veräin bäitrieden.
Mat onsem stëmmege Gesang an mat Freed gi mir den kierchleche Fester deen richtege Klang. Spirituell an weltlech Concerten stinn all Jor bäi ons um Programm. Eng Traditioun ass all Jor onse Concert am Advent. Wien Spaas um Gesank an Gesellegkeet huet ass bäi ons häerzlech wëllkomm. Mir prouwen Mëttwochs ëm 20.00 Auer an onsem Sall am Centre Culturel zu Mäertert.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Jauchzt zu Gott mit lautem Jubel | Leen Schippers |
---|---|---|
Agangslidd | J’étais dans la joie | R. Raboud |
Kyrie | Missa in F | Hans Jakadowsky |
Gloria | Missa in F | Hans Jakadowsky |
Alleluja | Alleluja byzantin | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Lord, I want to be a christian | spiritual |
Sanctus | Messe de l’abbaye | Gocrus / arr. René Ponchelet |
Anamnes | Il est vivant | arr. Marcel Weis |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe de l’abbaye | Gocrus / arr. René Ponchelet |
Kommioun | N’aie pas peur | Georges Lefèbvre |
Schlusslidd | Preiset froh den König | H. Purcell / arr. W. Trapp |
Uergel: Sortie | "Rencontre" Fantaisie pour orgue | Emile Hau |