lb fr pt en
Sonndesmass  
30. Mee 2024

D’Sonndesmass op Härläichendag gouf vu Schieren iwwerdroen

Den 2. Juni gouf d’Houmass vu Schieren iwwerdroen. D’Choralen Caecilia Schieren a Concordia Erpeldange hunn ënnert der Direktioun vum Jean Gehlen gesong, op der Uergel begleet vum Tamara Rosselet. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Choralen Caecilia Schieren a Concordia Erpeldange

D’Chorale Caeciia vu Schieren an d’Chorale Concordia vun Ierpeldeng hu sech ab dem 01.03.2023 zesumme gedoen, fir gemeinsam ze prouwen, d’Massen ze gestalten a Concerten ze sangen.
Déi 2 Chorallen konnten dat lescht Joer e schéine ronne Gebuertsdag feieren, esou war et den 90. Anniversaire vun der Chorale Caecilia an den 140. Anniversaire vun der Chorale Concordia, wou bei dëser Geleenheet 2 flott Concerten mat Melodien vum Dicks gesonge goufen.
Gäre géife mir nei Sängerinnen a Sänger an eiser Mëtt begréissen, fir zesummen och an der Zukunft déi gesanglech Aktivitéiten ze verschéineren.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Fantaisie en sol mineur Johann Sebastian Bach
Agangslidd O salutaris LD 489
Kyrie Seigneur Jésus LD 128
Gloria Gloria, Gloria Jon Paige
Tëschegesank Simply Alleluja Donald Moore
Credo gëtt gebiet
Fürbitten O Lord, hear my pray‘r LD 60
Gowelidd Chercher avec toi, Marie Jean-Claude Giannada
Sanctus Singt Heilig LD 244
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Kleine Festmesse in C Peter Hölzl
Kommioun Jérusalem Jean-Pierre Kempf
Schlusslidd Tantum ergo Franz Schubert
Großer Gott LD 136
Uergel: Sortie Extraits 6. Sonat op 65 Felix Mendelssohn-Bartholdy

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
YouTube YouTube
SoundCloud SoundCloud
Twitter Twitter
Instagram Instagram
Facebook Facebook
Flickr Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu