lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Ettelbréck iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gëtt dëse Sonndeg, den 29. September, um 9 Auer aus der Kierch vun Ettelbréck iwwerdroen. D’Choralle vun der Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul sangen ënnert der Leedung vum Jean Gehlen, op der Uergel begleet den Tom Schreiner.
Choralle vun der Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul
Zënter dem 1. Mee 2017 besteet elo offiziell déi Nei Par aus den Uertschaften Colmer-Bierg, Ettelbréck, Feelen, Mäerzeg a Schieren ënnert dem Numm Saints-Pierre-et-Paul, Ettelbréck.
Fir hir aktiv Chorallen stellt dat net nëmmen eng grouss Erausfuerderung duer, mä bréngt mat Sécherheet och eng Ëmstellung. Ouni hir Eegestännegkeet opzeginn, lafe scho vill méi laang gemeinsam Aktivitéiten vun de Chorallen Colmer-Bierg, Feelen, Mäerzeg, Schieren an Ettelbréck, déi och dës Radiosmass gestalten. Opzezielen wieren do d’Gestaltung vun der Oktavmass, e gemeinsame Concert am Joer 2018 (cf Foto). Dës Initiativ soll fortgesat ginn mat engem weidere Concert ënnert dem Motto "Ave Maria" am Joer 2021.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Plein Jeu, extrait de la «Suite du deuxième ton» | Jean Adam Guilain |
---|---|---|
Agangslidd | Terribilis est locus iste | Chant grégorien |
Kyrie | Messe brêve | Charles Gounod |
Gloria | Messe brêve | Charles Gounod |
Ruff virum Evangelium | Halleluja | Colin Mawby |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Locus iste | Anton Bruckner |
Sanctus | Messe brêve | Charles Gounod |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe brêve | Charles Gounod |
Kommunioun | Duo et Basse de Cromorne, extraits de la « Suite du deuxième ton » | Louis-Nicolas Clérambault |
Kommuniounslidd | Tollite hostias | Camille Saint-Saëns |
Schlusslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | Joseph Mohr |
Sortie: Uergel | Toccata und Fuge in F, BuxWV 157 | Dieterich Buxtehude |
Chouer: Choralle vun der Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul
Dirigent: Jean Gehlen
Organist: Tom Schreiner