| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vum Houwald iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf op Pällemsonndeg, den 9. Abrëll aus der Kierch vum Houwald iwwerdroen. D’Chorale Sacré-Coeur Howald huet ënnert der Leedung vum Carlo Marx gesongen, op der Uergel huet de Patrick de Rond begleet.
D’Chorale Sacré-Coeur vum Houwald, gegrënnt 1949, besteet haut nach just aus 10 Leit. Mir sangen all Sonndes- a Begriefnismassen an eiser Houwalder Kierch. Véierstëmmeg fir speziell Geleeënheeten ass nëmme méiglech mat der Hëllef vu gudde Stëmmen aus anere Gesangveräiner aus eiser Gemeng. E ganz spezielle Merci gëllt do dem Mezzoforte an der Alzénger Chorale an all eise gudden an treie Leit, di ëmmer do sinn, wa se gebraucht ginn. Dirigent ass de Carlo Marx. D’Präsidentin ass d’Josée Schertz-Haupert.
(Foto: Lynn Marx)
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Uergel: Entrée | Improvisatioun | |
|---|---|---|
| Agankslidd | Singt dem König Freudenpsalmen | LD 429 |
| Kyrie | Kyrie eleison | LD 128 |
| Zwëschegesank | Lauda Jerusalem | LD 430 |
| Credo | Credo | LD 211 |
| Gowebereedung | O Haupt voll Blut und Wunden | LD 444 |
| Sanctus | Heilig bist du | LD 252 |
| No der Wandlung | Aujourd’hui nous célébrons Jésus Christ | LD 266 |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Missa Nova in Sol | G.B. Casali |
| Kommiounslidd | Les Rameaux | Jean-Baptiste Fauré |
| Schlusslidd | Lasst fröhlich uns singen | LD 427 |
| Uergel: Sortie | Christian Rinck |
Et séngt: Chorale Sacré-Coeur Howald
Dirigent: Carlo Marx
Organist: Patrick de Rond
Solistin: Mi Hee Lentz-Pak
- D’Mass vum 2. Oktavsonndeg gouf de 15. Mee aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Mass um 7. Sonndeg gouf vun Habscht iwwerdroen
- D’Sondesmass um 3. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Réimech iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vu Bënzelt iwwerdroen
- D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees gouf den 8. August vun Habscht iwwerdroen



YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr