| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Rëmeleng iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 3. September um 9 Auer aus der Kierch vu Rëmeleng iwwerdroen. D’Choralë vu Rëmeleng, Téiteng a Käl hunn ënnert der Leedung vum Hervé Mathieu gesongen, op der Uergel hunn de Jean-Claude an d’Julie Thilges begleet.
Choralen St Pie X vu Käl, Ste Cécile vun Téiteng a Ste Cécile vu Rëmeleng
Zanter dem Zesummeschloss vun den 3 Poaren Käl, Téiteng a Rëmeleng ënnert deem neien Numm Käldall Notre-Dame des Mineurs ass daat hei di éischt Radiosmass di gemeinsam vun de Sängerinnen a Sänger vun den 3 eegestännege Choralen St Pie X vu Käl, Ste Cécile vun Téiteng a Ste Cécile vu Rëmeleng musikalesch begleet gëtt.
Nieft deenen eenzelnen Samschdes- a Sondesmassen an deenen 3 Kiirchen wäert et an Zukunft ëmmer méi esou gemeinsam gestalte Feierlechkeeten ginn.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | Andante non troppo | Félix Mendelssohn |
|---|---|---|
| Agangslidd | Écoute la voix du Seigneur | Jacques Berthier |
| Kyrie | Jésus, berger de toute humanité | Jacques Berthier |
| Gloria | Gloria | Jacques Berthier, Jean-Claude Thilges |
| Zwëschegesank | Ps 62 (63) Mon âme a soif de toi, Seigneur | Michel Wackenheim |
| Alleluja | Alléluia | Jacques Berthier |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Les mains ouvertes | Odette Vercruysse |
| Sanctus | Saint est le Seigneur | Jacques Berthier |
| Anamnèse | Geheimnis vum Glawen | NLD 264 |
| Vater unser | Notre Père | Jacques Berthier |
| Agnus Dei | Agneau glorieux (2-3-4) | Jacques Berthier |
| Kommuniounslidd | Voici le corps et le sang du Seigneur | Marc Dannaud |
| Schlusslidd | Allez dire à tous les hommes | Jacques Berthier |
| Sortie: Uergel | Prélude en do mineur | Johann Sebastian Bach |
Chéier: Choralë vu Rëmeleng, Téiteng a Käl
Dirigent: Hervé Mathieu
Organisten: Jean-Claude a Julie Thilges
- D’Sonndesmass vum 1. Mee gouf vu Weiler zum Tuerm iwwerdroen
- D’Mass um 11. Sonndeg am Joreskrees gouf den 13. Juni vu Berdorf iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Habscht iwwerdroen (28. Juni)
- D’Mass um 2. Ouschtersonndeg gouf aus der Kierch vun Uespelt iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vu Lëllgen iwwerdroen


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr