lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf op Ouschtere vun Hueschtert iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gëtt op Ouschtersonndeg, den 21. Abrëll, um 10.30 Auer aus der Kierch vun Hueschtert (Nidderaanwen) iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert séngt ënnert der Leedung vum Jean Schumacher, op der Uergel begleet de Stefan Dorneanu. Op der Gei spillt de Ruben Dorneanu.
Chorale Ste Cécile Hueschtert
D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert ass am Joer 1873 als Männerchouer gegrënnt ginn. Am Joer 1958 ass aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer ginn. An denen laange Joeren hat d’Chorale eelef Presidenten an nëmme 4 Dirigenten.
Haut besteet d’Chorale aus 24 aktive Memberen. Dirigent ass den Här Jean Schumacher. Organiste sinn: Stefan Dorneanu a Kirsten Elmquist.
Mat eisem Gesank verschéinere mir all kierchlech a weltlech Fester. Fir dass mir nach laang kënnen esou sange wéi bis elo, brauche mir nei Sängerinnen a Sänger. Wie Loscht huet fir ze sangen, kann emol kucken kommen. Eis Prouwe si mëttwochs vun 20 bis 22 Auer an eisem Proufsall (6, rue Principale) zu Hueschtert.
D’Kontaktpersoun ass d’Juliette Beffort, Tel.: 691-340442, email: juliette.beffort@gmail.com.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Christ lag in Todesbanden | Johann Heinrich Buttstedt |
---|---|---|
Agangslidd | Wir wollen alle fröhlich sein | Wolfgang Stockmeier |
Kyrie | Missa civilis in B | Johann Valentin Rathgeber |
Gloria | Gloria, Ehre sei Gott | Kathi Stimmer-Salzeder |
Zwëschegesank | In resurrectione tua | Taizé |
Alleluja | Christ ist erstanden | Salzburg 12 Jorhonnert |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Au matin dans la clarté | Pierre Delay |
Sanctus | Saint, le Dieu de l’Univers | Jacques Berthier |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa civilis in B | Johann Valentin Rathgeber |
Kommuniounslidd | Joie sur terre | Léon Guillou |
Schlusslidd | Preis dem Todesüberwinder | L.D. 458 |
Sortie: Uergel | Erstanden ist des Heil’ge Christ | Johann Sebstian Bach |
Chouer: Chorale Ste Cécile Hueschtert
Dirigent: Jean Schumacher
Organist: Stefan Dorneanu
Gei: Ruben Dorneanu
- D’Mass vum 3. Juli gouf vun der Foire Agricole zu Ettelbréck iwwerdroen
- D’ Radiosmass vam 22. August 2021 zu Wilwerdang
- D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees gouf vun der Giischterklaus iwwerdroen
- D’Sonndesmass um Dräifaltegkeetssonndeg gouf vu Bieles iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Elwen iwwerdroen