lb | fr | pt | en |
D’Sondesmass um Sonndeg vun der Hl. Famill gouf vu Steebrécken iwwerdroen
Den 31. Dezember gouf d’Houmass vu Steebrécken iwwerdroen. D’Chorale vu Steebrécke-Biergem huet mat der Dirigentin Claudette Zeimes-Wagener gesong, begleet op der Uergel vum Josée Faltz-Wilmes. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale vu Steebrécken-Biergem
D’Chorale vu Steebrécken-Biergem besteet säit 1954. Deemools als Männerchouer gegrënnt ass et haut e gemëschten Ensemble. De Chouer sengt Massen, Läichendéngschter, Hochzäiten a geleeëntlech mol e Concert. Well mir e puer Solisten an eise Reihen hun, kënne mir en ofwiesslungsräiche Repertoire ubidden. D’Sänger/innen stin zanter 35 Joer ënner der Leedung vun der Mme Claudette Zeimes. Presidentin ass d’Madame Marianne Kirpach.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Air béarnais en la maj. | César Franck |
---|---|---|
Agangslidd | Adeste fideles | arr. Laurent Menager |
Kyrie | Petite messe de la Sainte Vierge | Abbé Bourguignon |
Gloria | Petite messe de la Sainte Vierge | Abbé Bourguignon |
Tëschegesank | Lobe den Herrn, meine Seele | LD 70 |
Alleluia | Alleluia | Philippe Robert |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Nuit de lumière | Jacques Berthier |
Sanctus | Petite messe de la Sainte Vierge | Abbé Bourguignon |
Anamnes | Dans le silence | Stéphanie Kager |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Petite messe de la Sainte Vierge | Abbé Bourguignon |
Kommiounslidd | Notre Dieu s’est fait homme | M. Dannaud |
Schlusslidd | Oh du fröhliche | trad. aus Sizilien |
Uergel: Sortie | Toccata | J.G.C. Störl |
- D’Sonndesmass gouf vu Bruch iwwerdroen
- D’Mass um 3. Ouschtersonndeg gouf aus der Kierch vu Weiler-la-Tour iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Hueschtert iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf aus der Kathedral iwwerdroen (18.10.20)
- D’Mass um 25. Sonndeg am Joreskrees gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen