| lb | fr | pt | en |
D’Sondesmass um 5. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Beetebuerg iwwerdroen
De 4. Februar gouf d’Houmass vu Beetebuerg iwwerdroen. D’Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg hunn ënnert der Direktioun vum Nancy Back-Kelsen gesomg, begleet op der Uergel vum Romain Ludwig. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg
Gegrënnt am Joer 1920 als Männergesangveräin an 1945 als gemëschte Chouer ugemellt.
Zënter 1996 läit d‘Direktioun vun der Chorale an den Hänn vum Nancy Back-Kelsen. Si bréngt et fäerdeg, datt eng 75 Sängerinnen a Sänger mat Freed an der Sängerfreed sangen.
De Repertoire vun der Chorale begräift e grousse Spektrum vu weltleche Wierker, mee de Succès vun der Chorale Sängerfreed kënnt gréisstendeels vun der geeschtlecher Musek.
De musikalesche Programm vun der Mass
| Uergel: Entrée | Introduktion | |
|---|---|---|
| Agangslidd | Jubilez, criez de joie | Fr. J.-B. du Jonchay |
| Kyrie | Pastoralmesse | Robert Führer |
| Gloria | Pastoralmesse | Robert Führer |
| Tëschegesank | Un monde meilleur | Anton Dvorak |
| Alleluia | Alleluia | W. A. Mozart |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Panis angelicus | Gruber |
| Sanctus | Pastoralmesse | Robert Führer |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Wir sind Menschen einer Erde | Michael Schmoll |
| Kommiounslidd | O salutaris | Cath. D’Orléans |
| Schlusslidd | Siyahamba | Zulu-Song d’Afrique |
| Uergel: Sortie | Finale “Grande pièce symphonique” | César Franck |
- D’Mass um 15. Sonndeg am Joreskrees gouf den 11. Juli aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vu Bruch iwwerdroen
- D’Sonndesmass um 3. Sonndeg an der Ouschterzäit gouf vu Weiler-la-Tour iwwerdroen
- D’Sonndesmass ass vu Biissen iwwerdroe ginn
- D’ Mass vum 19. September 2021 gouf vu Mertert iwwerdroen




YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr